Lëtzebuergesch an d’Sproochen zu Lëtzebuerg

Firwat ass et hautdesdaags derwäert, sech mam Lëtzebuergeschen ofzeginn?

Lëtzebuergesch gouf laang net als Sprooch ugesinn. Et goung rieds vun onsem Däitsch oder Lëtzebuerger Däitsch, mee net vu Lëtzebuergesch als Sprooch. Eréischt nom Zweete Weltkrich hunn d’Lëtzebuerger hir Sprooch als en Deel vun hirer Identitéit gesinn.

1984 mam Sproochegesetz an 2018 mam Gesetz iwwer d’Promotioun vum Lëtzebuergesche sinn déi néideg Instanze geschafe ginn, fir Lëtzebuergesch als Sprooch ze etabléieren. Haut hu mir en Dictionnaire, eng komplett Orthografie, Deeler vun der Grammaire, Virlage fir Kommunikatiounen, Lëtzebuergeschcoursen a -proffen an differenzéiert Léiermaterial fir Schoulen a fir Erwuessener, en Departement op der Universitéit fir d’Entwécklung vum Lëtzebuergeschen ze suivéieren, e Studium am Lëtzebuergeschen, asw.

Et brauch een net fir d’Lëtzebuergescht ze fäerten. D’Kanner léiere Lëtzebuergesch schonns an der Crèche, am Fondamental an am Secondaire a kréien d’Kulturgeschicht vermëttelt. Et schléisse pro Joer iwwer 10.000 Erwuessener d’Coursë fir Lëtzebuergesch als Friemsprooch of. Haut kënne méi Leit ewéi jeemools virdru Lëtzebuergesch schwätzen.

Mee Lëtzebuergesch léieren ass net einfach. Dofir sollte mer Gedold an Héiflechkeet hu mat Lëtzebuergesch, dat net fléissend a séier ass. Vill Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, kloen doriwwer, datt se net wierklech eng Chance kréien et ze gebrauchen, well d’Lëtzebuerger direkt an eng aner Sprooch wiesselen.

Si bekloen och, datt et schwéier ass erauszefannen, wat Lëtzebuergesch ass, wou déi Sprooch hierkënnt, wéi hire Statut ass, wéi se sech entwéckelt huet, wéi iwwerhaapt de Statut vun de ville Sproochen hei am Land ass a war. Den Educatiounsministère huet dofir de Projet vun enger permanenter Ausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch lancéiert an do soll och dëse Site hëllefen ze kucken, wéi Lëtzebuergesch sech entwéckelt, wéi a woufir et haut gebraucht gëtt. Well grad op de soziale Medien ass Lëtzebuergesch dacks Lingua franca.

Et ass deene meeschte Bierger kloer, datt d’Integratioun hei am Land just méiglech ass, wann ee Lëtzebuergesch versteet. Datt d’Wichtegkeet an d’Eegestännegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch munchmol a Fro gestallt gëtt, ass virun allem auslänneschen Awunner e Rätsel. De Prof. Dr. Georg Mein, Spezialist fir modern däitsch Literatur an Doyen vun der Fakultéit fir Geeschtes-, Erzéiungs- a Sozialwëssenschaften op der Universitéit, huet am Kontext vun der Grënnung vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft gesot:

„Hier betrat man in der Tat Neuland. Ich erinnere mich noch an die zahlreichen Diskussionen, die nicht nur im Feuilleton der luxemburgischen Presse geführt wurden, sondern auch im Satireblatt Feierkrop. Im Kern ging es in diesen Debatten immer um die Frage, wie sinnvoll es denn sei, ein Fach wie die Luxemburgistik überhaupt einzurichten […].

Mich hat das immer verwundert. Eigentlich müsste man doch an der neu gegründeten Uni Luxemburg gerade die Luxemburgistik mit größtmöglicher Emphase zu dem aufbauen, was sie ja auch ist, nämlich zu einer Nationalphilologie, die sowohl in sprachhistorischer, in linguistischer und in literaturwissenschaftlicher Ebene das reichhaltige Erbe Luxemburgs erforscht. Das müsste doch spätestens seit dem Sprachengesetz von 1984 eine völlige Selbstverständlichkeit sein. Vor allem, so dachte ich mir – und denke ich heute übrigens immer noch – kann man doch auf die historische Entwicklung in den Nachbarländern schauen und auf die kulturelle Bedeutung und identitätsstiftende Rolle, die dort die Nationalphilologien in den letzten Jahrhunderten hatten. Von Jacob Grimm stammt das berühmte Zitat aus seiner Akademie-Schrift „Über den Ursprung der Sprache“: ‚Die Kraft der Sprache bildet Völker und hält sie zusammen, ohne ein solches Band würden sie sich versprengen.‘ Das gilt auch – und vor allem – für ein Land, in dem die Mehrsprachigkeit Programm ist.“

Déi Meenung gëtt vun de meeschten Awunner vum Land gedeelt; dat weist den onheemleche Succès vu rezente Publikatiounen, dem Reegelwierk iwwert d’Orthografie, der Landkaart mat de lëtzebuergeschen Nimm, dem Verbebuch etc. De Lëtzebuerger Online Dictionnaire gëtt massiv consultéiert: 30.000 Artikelen ginn den Dag opgeruff, also 11 Milliounen am Joer.

Lëtzebuergesch steet haut richteg gutt do. Dat ass och de Verdéngscht vun der Strategie, déi d’Regierung 2017 festgehalen huet, fir Lëtzebuergesch ze fërderen. Vun den deemools 40 Mesurë sinn déi meeschten ëmgesat, déi aner an Ugrëff geholl.

An där Strategie ass et ëm Lëtzebuergesch gaangen an ëm d’Méisproochegkeet. Esou gutt ewéi all Lëtzebuerger ka sech a verschiddene Sproochen ausdrécken, meeschtens ausser op Lëtzebuergesch och op Däitsch, Franséisch an Englesch, an ass kapabel, Informatiounen an deene Sproochen ze sichen an ze verstoen; dat ass de groussen an immens sympatheschen Atout vun eisem Land. Lëtzebuerg ouni Lëtzebuergesch kann ech mer net virstellen. Lëtzebuerg mat nëmme Lëtzebuergesch awer och net, dat wier net méi Lëtzebuerg.

De Michel FeltinPalais, Expert fir Regionalsproochen a Frankräich, sot kierzlech iwwert déi international renomméiert franséisch Mathematiker, datt hiert eegestännegt Denken dohier kéim, datt se op Franséisch an net op Englesch publizéieren: en parlant différemment, nous pensons différemment. Datt mir hei alleguer a verschiddene Sproochen ze schwätze wëssen an dofir op verschidden Aart a Weisen denke kënnen, dat ass Lëtzebuerg!

 

Marc Barthelemy

Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch