Wanderausstellung “D’Lëtzebuerger Sprooch(en)”

Vum 29. September bis de 4. Oktober 2023 war dem ZLS seng Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“, am Kader vun der „Luxembourg International Science Expo“ (LISE) 2023 am Forum Geesseknäppchen. Duerno gouf de Weekend vum 14. Oktober en Deel vun der Ausstellung, am Kader vun der Nuit des Musées, am natur musée, am Gronn gewisen.

Weider Rendez-vousen:

– Vum 20. bis 22. Oktober ass d’Ausstellung zu Arel, am Kader vun de „Journées des Langues et des Cultures“.

D’Expo ass op:

– freides, den 20. Oktober, vu 14:00 bis 20:00 Auer

– samschdes, den 21. Oktober, vu 14:00 bis 17:30 Auer

– sonndes, den 22. Oktober, vu 14:00 bis 17:30 Auer.

E Sonndeg am Nomëtteg ginn et och Presentatioune vum ZLS-Direkter Luc Marteling, vum Sproochmates Alain Atten a vun eisem Lexikograf, dem Alexandre Ecker. De ganze Programm fannt Dir hei.

– Vum 11. bis de 26. November ass d’Ausstellung zu Esch am Centre Hospitalier Emile Mayrisch

– Vum 28. November bis den 2. Dezember zu Wuermer

– Vum 12. bis de 27. Januar 2024 ass d’Ausstellung am Ale Stadhaus zu Déifferdeng.

Aus technesche Grënn gouf d’Statioun am INLL (Glacis) reportéiert. D’Ausstellung soll d’nächst Joer hire Wee an den INLL op de Belval fannen.

LOD meets Duden

Diskussiounsronn mat der Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum

Zanter 2016 leet d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum déi wuel bekanntsten Dictionnaires-Redaktioun aus dem däitschsproochege Raum. Déi renomméiert an engagéiert Linguistin koum op Invitatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) op Lëtzebuerg. Op hirem Programm stoungen ënnert anerem Entrevuë mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, a mat Vertrieder vun de Luxemburgistik- a Germanistik-Departementer vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Dënschdes, den 19. September ëm 18.00 Auer krut de Public d’Geleeënheet, fir d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum live ze erliewen. Ënnert dem Motto “Duden meets LOD” huet d’Madamm Kunkel-Razum un enger Diskussiounsronn am Forum Geesseknäppchen deelgeholl. De Lexikograf vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, Alexandre Ecker, huet den ZLS op der Diskussiounsronn vertratt, déi vun der Journalistin Christiane Kremer – op Däitsch – animéiert gouf.

Spannend an interessant Theemen ëm d’Sprooch an ëm d’Dictionnairë goufen et der genuch: Wéi funktionéiert eng Dictionnaires-Redaktioun? Wat fir eng Wierder gehéieren an e Referenzdictionnaire? Wéi gëtt de Choix vu Wierder getraff a wéi gëtt hir Schreifweis gekläert? Wat ass mat Neologismen an Anglizismen? Wat huet et mam Genderen op sech? Wat fir en Afloss wäert d’KI op d’Sprooch hunn? Wat fir eng Roll spillen d’Dictionnairen an der haiteger Welt? Wéi wichteg ass eng norméiert Orthografie? …

 

“D’Lëtzebuerger Sprooch(en)” an der Belle-Etoile

Vum 12. bis den 22. Juli 2023 kann een d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. Dës mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. Op där enger Säit bezitt den Titel sech natierlech op d’Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D’Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. Op där anerer Säit gëtt d’Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d’Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert.

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

An der Belle Etoile ass d’Ekipp vum ZLS all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren.

Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“

Wat ass mat D’Lëtzebuerger Sprooch(en) gemengt? Ma dat sinn engersäits déi ënnerschiddlech Aart a Weisen, wéi Lëtzebuergesch benotzt gëtt. Anerersäits sinn et och déi vill Sproochen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. An doriwwer gëtt et vill ze soen!

An dëser Wanderausstellung, un där den ZLS iwwer Méint zesumme mat Historical Consulting geschafft huet, gëtt sech mat dësen Thematiken auserneegesat.

Déi nei mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sproch (ZLS) mam Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ gouf en Donneschdeg, 29. Juni 2023 vum Minister Claude Meisch an der Agora vun der Abtei Neimënster presentéiert. Do war se awer just e puer Stonnen ze gesinn … éier se elo op d’Rees geet.

Iwwer d’Ausstellung

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen.

D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune dës Aspekter ënner d’Lupp geholl:

– Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
– Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
– Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen.

Informatiounen iwwer d’Tournée vun der Wanderausstellung “D’Lëtzebuerger Sprooch(en)”

Déi éischt Statioun vun der Expo ass an der Belle Étoile: Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een se do an der Neier Galerie entdecken. D’Ekipp vum ZLS ass all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren.

Déi nächst Statioune sinn:

•    Ëlwen: vum 5. bis den 9. August 2023
•    Miedernach: vum 3. bis den 9. September 2023
•    Forum Geesseknäppchen: vum 29. September bis de 4. Oktober 2023
•    Institut national des langues Luxembourg: vum 23. Oktober bis den 10. November 2023

Weider Datume kommen nach bäi.

Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen?

Gemengen, Schoulen, Veräiner … kënne sech beim ZLS mellen (expo@lod.lu).

De Flyer fannt Dir ënnen ënnert “Umellung on tour”.

Fotogalerie vum ZLS

 

Presentatioun vum „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“

Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, haten häerzlech op d’Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 a Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit e Méindeg, den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen, invitéiert.

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit ass dunn offiziell presentéiert ginn.

D’Christiane Kremer huet duerch den Owend geféiert, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musekalesch encadréiert a mat engem gemittleche Patt ofgeschloss gouf.

640 Säiten am A3-Format, 568 grouss Dialektkaarte mat Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt: De Sproochatlas vum Alain Atten a vum Claude Schmit huet et a sech. Gutt zwee Joer gouf dru geschafft, elo ass et endlech esou wäit.

Déi ganz Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 gouf gefilmt. De Link fannt Dir méi erof.

D’Fotoe si vum Sophie Margue a Steve Muller.