Präisiwwerreechung vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022

De 25. Februar 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung vum 1. nationale Kanner-a Jugendliteraturpräis am Kader vun der D’YEP-Schoulfoire.

Dëse Literaturpräis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun de villen Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.

No enger Aféierung iwwert d’Wichtegkeet vun dësem nei kreéierte Präis vum Präsident vum Jury*, dem Här Luc Weis, goufen d’Gewënner vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022 ausgezeechent.

De Gewënner vum Kanner-a Jugendliteraturpräis ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Text “Kéipercher”. D’Laudatio fir de Jhemp Hoscheit gouf vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Här Pierre Reding gehalen.

Donieft goufe vum Jury dräi Texter zeréckbehalen, déi a Publikatioune vum SCRIPT iwwerholl wäerte ginn, ënner anerem am Reader fir de Lëtzebuergeschcours vun der 4ième.

Dëst sinn:

  • „Gespréicher iwwert de Luca“ vum Jhemp Hoscheit,
  • „Karamëll“ vum Claudine Muno; den Här Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch bis 2002, huet dem Public dësen Text presentéiert,
  • „Den Ufank“ vum Fabienne Faust, dee vum Luc Belling aus dem SCRIPT virgestallt gouf.

 

*De Jury vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022: M. Luc Weis (Präsident vum Jury), Mme Nathalie Jacoby, Mme Francine Vanolst, Mme Sandra Da Silva, M. Sébastian Thiltges, M. Luc Belling.

Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch: Lex Roth an Alain Atten si fir hiert laangjäregt Engagement geéiert gin

Den 22. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, fir d’éischte Kéier den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Jongelycée um Lampertsbierg iwwerreecht.

Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerke soll. Dësen neie Präis zeechent all Joer eng Persoun, e Wëssenschaftler, en Auteur, en Editeur oder och e Museker aus, dee sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.

„Wa mir un d’Lëtzebuerger Sprooch an dat allgemengt Sproochbewosstsi an de leschte Joren denken, däerfen de Lex Roth an den Alain Atten net feelen. Allebéid setze se sech zanter Jore fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a si hunn dozou bäigedroen, d’Sprooch ze promouvéieren, de Leit se nozebréngen, se ze erhalen an ze dokumentéieren. Béid Laureate si reegelrecht Pionéier, wann et drëms gaangen ass, fir d’Lëtzebuergescht méi visibel ze maachen“, wéi de Claude Meisch ënnerstrach huet.

Fotoen © Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch / Sophie Margue

 

De Lex Roth an den Alain Atten d’Laureate vun 2022 respektiv 2023

Wéi wichteg et ass, d’Lëtzebuerger Sprooch ze promouvéieren, ënnersträicht de Fakt, dass den 22. Februar 2023 direkt zwee Laureaten, ee fir d’Joer 2022 an ee fir d’Joer 2023, fir hiren onermiddlechen an engagéierten Asaz fir d’Lëtzebuergescht ausgezeechent goufen.

De Lex Roth, Laureat vun 2022, ass ee vun de Protagonisten, déi d’Visibilitéit vum Lëtzebuergeschen am ëffentleche Raum gestäerkt hunn. Esou ginn zum Beispill dank sengem Asaz d’Stroossen an Uertschaftsnimm och op Lëtzebuergesch affichéiert. Hien huet sech och onermiddlech duerfir agesat, dat mir am Alldag Lëtzebuergesch benotzen a schreiwen. De fréiere Schoulmeeschter huet 1971 als éischte President d’Actioun Lëtzebuergesch mat gegrënnt an 1984 um Sproochegesetz aktiv matgeschafft an esou Lëtzebuergesch och um politesche Plang gestäerkt.

Den Alain Atten, Laureat vun 2023, huet Etymologië vu lëtzebuergesche Wierder a Riedensaarten opgeschafft an erkläert an d’Ënnerscheeder an der Sprooch uechtert d’Land gewisen a valoriséiert. Als Sproochen- a Literaturwëssenschaftler war hien ënnert anerem déi dreiwend Kraaft bei der Orthografie vum Lëtzebuergeschen 1975 an ass Auteur vun enger breeder Gamme vu Lyrik, Prosa, Dréibicher an Theaterstécker. Aktuell schafft den Alain Atten, zesumme mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, un engem Sproochenatlas.

Och d’Stëmme vun deenen zwee si keng onbekannt, hu se dach allebéid fir ënnerschiddlech Bäiträg op RTL Radio Lëtzebuerg gesuergt. De Lex Roth huet mat senger Sendung „Een Ament fir eis Sprooch“ d’Welle vun RTL animéiert an den Alain Atten ass haut nach als Sproochmates aktiv, andeems en al Wierder oder Spréchwierder erauskroomt a sech mam Nolauschterer op d’Sich no hiren Urspréng mécht.

D’Kaweechelchen: ee Präis mat enger besonnescher Bedeitung

Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass mat engem Geldpräis vun 5.000 € dotéiert a gouf a Form vun enger Skulptur iwwerreecht. D’Skulptur ass e Kaweechelchen, dat vun enger Klass aus dem BTS Game Art and Game Design vum Lycée des Arts et Métiers kreéiert ginn ass. D’Figur vum Kaweechelche gouf zeréckbehalen, well Ëmfroe bei Leit, déi Lëtzebuergesch léieren, erginn hunn, dass dat hiert Liblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Et ass en typesch lëtzebuergescht Wuert an och ee vun de schwéierste Wierder. Kaweechelche kléngt schéin an et gëtt d’Wuert a ville Varianten: méi Informatiounen zum Wuert „Kaweechelchen“ ënnert dico.uni.lu.

De Jury vum Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch setzt sech aus folgende Memberen zesummen:

  • dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Marc Barthelemy (2022) a Pierre Reding (2023);
  • dem Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling;
  • der Direktesch vum Institut national des langues, Maisy Gorza;
  • der Presidentin vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise, Myriam Welschbillig;
  • engem Vertrieder vum zoustännegen Departement vun der Universitéit Lëtzebuerg, Mélanie Wagner.

 

Musikalescht Encadrement vun de Cojellico’s Jangen.

 

Lëtzebuergesch Sproocherkennung

Den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch huet de neie Service “schreifmaschinn.lu” virgestallt. Dëse Programm wandelt geschwate Sprooch an e geschriwwenen Texter ëm.

Dir hutt d’Méiglechkeet, en Text live an e Mikro ze schwätzen oder e fäerdegen Audio-Fichier eropzelueden. D’Donnéeë ginn direkt vum Tool ausgewäert, dat kann allerdéngs e puer Sekonnen daueren.

Reynard the Fox

Entdeckt de Reenert zweesproocheg, op Englesch vum Jeff Thill iwwersat, an op Lëtzebuergesch an der aktueller Schreifweis.

Reynard the Fox, the English version of the Luxemburgish epic of Reenert, written by Michel Rodange and first published in 1872, translated by Jeff  Thill in 2022.

Colloque Reenert

Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem Reenert a vun de Walfer Bicherdeeg, hat de SCRIPT zesumme mam ZLS an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque Reenert, freides, den 18. November 2022 vu 14.00 bis 18.00 Auer, organiséiert.

Den Educatiounsministère huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem Reenert, erausbruecht. Dëst Wierk, dat als Nationalepos vum Lëtzebuergesche gëllt, koum 1872 eraus, also viru genee 150 Joer.

Eng ganz Rei Experten hunn déi verschidde Facettë vum satiresche Meeschterwierk beliicht. Et koumen Experten zu Wuert, déi op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun agaange sinn.

Hei nach eng Kéier de Programm vum Reenert-Colloque:

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt

De Colloque gouf och live iwwerdroen op rtl.lu.