• Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS)

    De Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) huet seng Originnen am Dictionnaire pratique de la langue luxembourgeoise, un deem zanter 2000 geschriwwe gëtt. No an no huet d’Ekipp vum LOD nach aner Servicer ugebueden, wéi z. B. Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch oder Äntwerten op Froe vu Benotzer.

    Mam Gesetz iwwert d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (loi du 20 juillet 2018 relative à la promotion de la langue luxembourgeoise) gouf den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) geschaf.

    Dësen Zenter ass eng Kontakt- an Informatiounsplaz fir d’Lëtzebuergescht an en ass fir den LOD zoustänneg. Zu de Missioune vum Zenter gehéieren d’Norméierung vun der Sprooch, d’Ausschaffe vu linguisteschen Outilen, Iwwersetzungen an eeben d’Betreiung souwéi d’Weiderentwécklung vum LOD. Donieft soll den Zenter op Froen iwwer d’Schreifweis, d’Grammaire, d’Phoneetik an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch äntweren.

    D’Aktivitéiten an d’Ekipp vum fréiere Service vum LOD, deen ënnert dem Kulturministère gelaf ass, sinn an den ZLS integréiert ginn. Am Juli 2019 gouf de Luc Marteling éischten Direkter vum Zenter genannt. D’Ekipp besteet aus héichspezialiséierte Leit, dorënner (Computer-)Linguisten an (Sprooch-)Historiker.

    E besonnesche Fokus vun der ZLS-Ekipp läit um Dokumentéiere vun ale Wierder. Dofir gouf eng Lëscht opgestallt vun zum Deel vereelzte Wierder, déi bis elo nach net am LOD ze fanne waren, awer heefeg an der Online-Versioun vum Luxemburger Wörterbuch (LWB) gesicht ginn: www.dico.uni.lu

    Dës Wierder goufen de Richtlinne vum LOD no opgeschafft. Et goufen nëmmen déi Sënner zeréckbehalen, déi verschidde Mammesproochler och haut nach kennen. Déi „nei“ Artikele sinn all mam LWB verlinkt. Op dës Manéier kann den interesséierte User kamoud tëschent deenen zwee Dictionnairen hin- an hiersurfen.

     

     

    Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS): www.zls.lu

    Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD): www.lod.lu

    Online Ortho-Trainer: www.ortho.lod.lu

    Lëtzebuerger Verben: www.verben.lu

    Medezinesch Fachausdréck: www.med.lod.lu

    Covid-19-Glossaire: www.lod.lu/covid-19

  • Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch (CPLL)

    De Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, CPLL) gouf 1998 duerch e ministeriellt Reglement gegrënnt. De CPLL huet déi sougenannt Dictionnaireskommissioun vun 1992 ersat.

    De CPLL krut duerch d’Sproochegesetz vun 2018 d’Missioun, der Regierung bei Froen iwwer d’Norméierung vum Lëtzebuergeschen en Avis ze ginn, grad ewéi bei Gesetzprojeten a -proposen iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg.

    De CPLL besteet aus maximal eelef Memberen, déi berufflech mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn hunn, an duerch en Arrêté grand-ducal fir e Mandat vun dräi Joer genannt ginn.

    Ugangs 2019 huet d’Myriam Welschbillig d’Presidentschaft vum CPLL iwwerholl.

    De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch: www.cpll.lu

    Lëtzebuerger Uertsnimm: www.cpll.lu/letzebuerger-uertsnimm

  • Institut grand-ducal (IGD)

    Den Institut grand-ducal (www.igd.lu) ass en offiziellt Organ, dat 1868 gegrënnt gouf, a bis 1890 den Numm Institut royal grand-ducal gedroen huet. En ass entstanen aus der Fusioun vun der Société archéologique, der Société des sciences naturelles an der Société des sciences médicales an hat dann och dräi Sektiounen: Sciences historiques, Sciences naturelles et mathématiques, Sciences médicales.

    1935 gouf aus der Société luxembourgeoise d’études linguistiques et dialectologiques déi véiert Section linguistique, de folklore et de toponymie. 1962 koum d’Section des arts et lettres an 1966 d’Section des sciences morales et politiques dobäi.

    Den Institut grand-ducal huet vill Publikatiounen erausginn, woubäi déi vun der Section linguistique, de folklore et de toponymie, déi haut Section de linguistique, d’ethnologie et d’onomastique heescht, dacks mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn haten.

    Den Institut grand-ducal ass definéiert iwwert de Règlement constitutif de l’Institut Grand-Ducal, an approuvéiert duerch den Arrêté royal grand-ducal vum 24. Oktober 1868.

  • Nationale Literaturzenter (CNL)

    Den Nationale Literaturzenter, offiziell Centre national de littérature (CNL), ass e staatleche Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, deen dem Kulturministère ënnersteet, an deem seng Missioun et ass, Literatur aus Lëtzebuerg ze konservéieren, ze erfuerschen an zougänglech ze maachen. En ass zanter 1995 am Servais-Haus doheem, dem Gebuertshaus vum Emmanuel Servais, zu Miersch.

    De Literaturzenter sammelt alles, wat mat der literarescher Kreatioun no 1815, zu Lëtzebuerg, ze dinn huet: Manuskripter, gedréckte Wierker, Biller a soss Dokumenter, déi domat zesummenhänken. Dorënner sinn ongeféier 40.000 Bicher, déi op der Plaz kënne gelies ginn.

    Nieft dem Sammele läit de Fokus um Katalogiséieren, um Erfaasse vun hannerloosse Wierker vu Schrëftsteller an op wëssenschaftleche Recherchen, déi an Ausstellungen oder Publikatiounen dem Public presentéiert ginn.

    De CNL huet ë. a. wëssenschaftlech Etuden iwwer Dicks, Michel Rodange, Michel Lentz a Batty Weber publizéiert an a Kooperatioun mat der Universitéit Colloquen, iwwer lëtzebuergesch Schrëftsteller, organiséiert.

    Zur d’Verbreedung vum literaresche Patrimoine gehéiert och d’Rei vun der „Lëtzebuerger Bibliothéik“, an där reegelméisseg Texter aus der lëtzebuergescher Literaturgeschicht, déi net méi zougänglech waren, presentéiert an nei editéiert ginn. De CNL hält och den Auteurelexikon à jour.

    Nationale Literaturzenter: www.cnl.public.lu

    Autorenlexikon: www.autorenlexikon.lu

  • Nationalbibliothéik (BNL)

    D’Nationalbibliothéik (Bibliothèque nationale du Luxembourg, www.bnl.lu) ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet. Zanter 2019 ass d’BNL an hirem neie Gebai um Kierchbierg.

    Eng vun de Missioune vun der Nationalbibliothéik ass et, alles ze sammelen, wat mat dem nationale Patrimoine ze dinn huet, an et ze conservéieren an ze dokumentéieren. D’Nationalbibliothéik muss vun all Publikatioun, déi am Land erauskënnt, am Kader vum Dépôt légal e puer Exemplairë kréien. Si garantéiert dann och den Zougang dozou.

    Um Site vun der Nationalbibliothéik gëtt et fir déi lëtzebuergesch Publikatiounen de Portail eluxemburgensia: www.eluxemburgensia.lu

    De Cedom (Centre d’études et de documentation musicales – Zenter fir musikalesch Etuden an Dokumentatiounen) bréngt zanter 2014 d’Kollektioun Les Carnets didactiques du Cedom eraus, an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung, fir d’Schüler a fir d’Léierpersonal vun den Zyklen 2 bis 4 aus der Grondschoul a vun den ënneschte Klassen am Enseignement secondaire.

  • Lëtzebuerger Nationalarchiv (ANL)

    D’Lëtzebuerger Nationalarchiv (Archives nationales de Luxembourg) www.anlux.public.lu ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet.

    Déi national Archive sinn um Helleg-Geescht-Plateau an der Stad lokaliséiert. Si hunn d‘Missioun, Dokumenter ze sammelen an ze archivéieren, déi vun nationalem Interessi sinn.

  • Centre national de l'audiovisuel (CNA)

    Den CNA, Centre national de l’audiovisuel (www.cna.public.lu), ass e staatlecht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg, dat dem Kulturministère ënnersteet. En ass an der eemoleger Eiseschmëtt „Op der Schmelz”, am Zentrum vun Diddeleng lokaliséiert.

    Den CNA sammelt all Opnamen am Zesummenhang mat Lëtzebuerg, souwuel Audiodateie vun de Radioen ewéi och Videoopname vun Tëlee a vu Filmer, mee awer och vu privaten Evenementer.

    Als Archiv vun RTL Radio an Télé Lëtzebuerg an och vu Radio 100,7 ass den CNA richteg wäertvoll: Reegelméisseg ginn Extraiten aus deenen Archiver a Filmer op Lëtzebuergesch genotzt. A ville Filmer a besonnesch an Documentaire spillt Lëtzebuergesch dacks eng wichteg Roll: „Eng Äerd“ vum Tom Alesch oder „Histoire(s) de femme(s)“ vum Anne Schroeder sinn zwee rezent Beispiller vu Filmer op Lëtzebuergesch, an deenen dann och vill Temoignagë virkommen – fir den internationale Publikum sinn dës ënnertitelt. Den CNA huet och eng Serie gefilmten Interviewen, an deenen Zäitzeien zu Wuert kommen.

  • Universitéit Lëtzebuerg

    Op der Universitéit gëtt et zanter 2006 en Departement fir Luxemburgistik, den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.

    Informatiounen iwwer Personal, Recherche a Formatioune fannt Dir op www.uni.lu.

    Iwwer déi verschidde Projeten an Theeme gëtt ee méi gewuer op: www.infolux.uni.lu

  • Spellchecker

    Zanter 2006 ass de Spellchecker (www.spellchecker.lu) online, duerch deen d’Schreifweis vum Lëtzebuergesche kann iwwerpréift ginn – e Projet, dee bis haut vum Michel Weimerskirch virugedriwwe gëtt.

  • Wikipedia.lu

    Parallel zum LOD huet sech wikipedia.lu a Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt (www.wikipedia.lu), op Initiativ vum Edson Souza Morais a vum René Beideler, respektiv President a Sekretär vu Wikimedia Lëtzebuerg.