Sproocheronn am EIDE zu Déifferdeng

Den Educatiounsminister Claude Meisch, de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling ware leschte Méindeg, den 10. Oktober, op Besuch an der Ecole internationale de Differdange et de Esch/Alzette (EIDE), fir mat Schülerinnen a Schüler mat ville verschidde sproochleche Profiller, iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch ze diskutéieren an nei  Iddien a Proposen ze sammelen, déi an den 20- Joresplang vun der Lëtzebuerger Sprooch afléisse sollen.

 

LLO.LU – Déi nei Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren

Entdeckt déi nei digital Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren – gratis, iwwerall an zu all Moment.

Op der Pressekonferenz vum 9. September 2022 hunn den Här Claude Meisch, Educatiounsminister an d’Madame  Maisy Gorza, Direktesch vum Institut national des langues déi nei Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren, LLO, virgestallt. Dës ass gratis online accessibel.

Eng Léierplattform fir Lëtzebuergesch weltwäit, ronderëm d’Auer, ze léieren

Ugepasst un d’Besoine vum Aarbechtsmarché, erméiglecht d’Plattform LLO d’lëtzebuergesch Sprooch interaktiv ze léieren.

LLO bitt Exercicer mat Léisungen, Aktivitéiten, online an op der Plaz, awer och aktuell Noriichten, alles am Sënn fir d’Lëtzebuergescht ze perfektionéieren.

Sproocheronn 2022

Andréck vun der Sproocheronn

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch: Ënnert deem Motto gouf d’Sproocheronn mam Minister Claude Meisch, dem Commissaire Marc Barthelemy an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch op véier Owenter a véier Regioune ueschtert d’Land organiséiert. Tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022, war all Bierger  invitéiert, fir sech aktiv un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen.

Am Terres-Rouges-Gebai um Belval, am Spigelsall am Lycée zu Iechternach, an der Stad am Lycée Michel Rodange an als Ofschloss zu Clierf am Lycée Edward Steichen, si vill Proposen, Iddien, Diskussiounen  iwwert an ëm d’Lëtzebuerger Sprooch opkomm.

Duerfir soe mir Iech all Merci.

 

Presentatioun vum neien LOD

E Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer war am Forum Geesseknäppchen d’Presentatioun vum neien LOD

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch an den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn e Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer am Forum Geesseknäppchen de fuschneie Lëtzebuerger Online Dictionnaire presentéiert. Den LOD huet en intuitiven Design, erweidert Sichméiglechkeeten an eng praktesch API, fir datt jidderee beschtméiglech mat den LOD-Date ka schaffen.

 

Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?

 

Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni? Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Mee alleguer fanne se, datt et noutwenneg ass, d’Lëtzebuergescht weider ze fërderen. Op alle Pläng: an der Schoul, an der Aarbechtswelt, an der Gesellschaft.

Marc Barthelemy (Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch), Maisy Gorza (Directrice vum INLL), Mélanie Wagner (Soziolinguistin op der uni.lu) a Fred Keup (ADR-Deputéierten a Co-Auteur vum Buch “Mir gi Lëtzebuerg net op”) hunn iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten, diskutéiert.

Moderatioun: Maurice Molitor

Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?

https://100komma7.lu/program/episode/402017/202206171215-202206171218

Lëtzebuerg no der 4e: e Choix mat Perspektiven

Eng nei Offer am Lycée Michel-Rodange vun der Rentrée 2022 un

Du interesséiers dech fir d’Lëtzebuerger Sprooch? Fir d’Literatur op Lëtzebuergesch? Fir d’Geschicht vum Land? Du kéints dir och nach virstellen, Lëtzebuergeschcoursen ze ginn? Dann huet de Lycée Michel-Rodange elo genee dat Richtegt fir dech.

Fir un dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e unzeknäppen, gëtt am Lycée Michel-Rodange eng nei Offer am Beräich vum Lëtzebuergeschen agefouert.

Sektioun A Lëtzebuergesch vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als 4. Sprooch op der Sektioun A gewielt ginn, alternativ zum Spueneschen oder Italieeneschen. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch op 3e a fënnef Stonnen op 2e a 1re.

Sektioune B, C, D, E, F a G vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als zousätzlech Sprooch gewielt ginn. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch vun 3e bis 1re. En ersetzt op 3e den Optiounscours an op 2e a 1re Däitsch oder Franséisch.

De Programm ass breetgefächert:
• Literatur
D’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an d’Méisproochegkeet vum Land hu sech entwéckelt mat der Geschicht vu Lëtzebuerg a mat der Literatur. D’Lëtzebuerger Sprooch huet vill verstoppte Pärelen an Eegenheeten, déi an de Coursen ze entdecke sinn.
• Linguistik & Orthografie
D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt beschriwwen an erkläert, hire Fonctionnement, mee och hir Roll an der Gesellschaft. Donieft kritt een am Cours déi néideg Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire vermëttelt.

D’Lëtzebuerger Orthografie per Video

30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis

Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d’Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d’Betounung, behandele se fir d’éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d’Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titel: Kuriéises an Nëtzleches.

 

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.

Link op d’Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen

Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).

D’Lëtzebuerger Orthografie

Am November 2019 gouf déi aktualiséiert a completéiert Lëtzebuerger Orthografie virgestallt, déi vum CPLL an dem ZLS ausgeschafft gi war. Zanter der Rentrée 2020 ass se eleng a Kraaft.

Et gouf dofir en iwwersiichtlecht Bichelche publizéiert, datt och digital op www.zls.lu disponibel ass.

Iwwer 16.000 Exemplairë vum offizielle Reegelwierk goufen an der Tëschenzäit verdeelt (Stand Summer 2022). Zënter September 2022 ass déi 5. Oplo  vun der Orthografie gratis erhältlech a ka per Mail (lod@lod.lu) beim ZLS betsallt ginn.

Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a CPLL: D’Lëtzebuerger Orthografie, ISBN 978-99959-1-163-8, 112 Säiten, 0 Euro

https://portal.education.lu/zls/ORTHOGRAFIE

Den neie lëtzebuergesche Sproochatlas

Den neie lëtzebuergesche Sproochatlas ass vun der Universitéit online publizéiert ginn. Den ale „Luxemburgischer Sprachatlas“ datéiert aus dem Joer 1963 a baséiert op Sproochdate vun der Zäit virum 2. Weltkrich. Et ass evident, datt sech d’Sprooch op villfälteg Manéieren zënterhier verännert huet.

Am neie Variatiounsatlas si Sproochopname verschafft, déi vun der Schnëssen-App gesammelt goufen. Pro Kaart sinn authentesch Date vu ca. 800 bis 2.000 Participante visualiséiert. Domat kritt een eng zimmlech zouverlässeg Impressioun vun der haiteger Variatioun am Lëtzebuergeschen. Gläichzäiteg kann een un de Kaarten a Visualiséierungen ofliesen, wéi staark d’Lëtzebuergescht am Moment amgaang ass, sech ze veränneren.

D’Kaarte sinn an d’Kategorië „Foneetik“, „Wuertschatz & Sproochkontakt“ a „Grammatik‘ agedeelt, déi een auswiele kann. D’Verbreedung am Land gëtt iwwer verschidde Kaarten illustréiert. Eng Iwwerbléckskaart weist déi heefegst Variant pro Gemeng. Deelweis gëtt och eng al Kaart aus dem „Luxemburgischer Sprachatlas“ vun 1963 als Verglach gewisen, fir d’Verännerung vun der Dialektlandschaft ze visualiséieren.

Am Géigesaz zu traditionelle Sproochatlasse baséiert dësen Atlas net nëmmen op der Sprooch vun eelere Leit, mee op allen Altersklassen. Eréischt sou kann een déi ganz Dynamik vun der Sprooch erfaassen. Aus deem Grond soll den neien Atlas och „Variatiounsatlas“ heeschen.

https://infolux.uni.lu/neie-letzebuergesche-sproochatlas-online/

„Eis Sprooch richteg schreiwen“

Eis Sprooch richteg schreiwen

Am Kader vun der completéierter Orthografie vum November 2019 huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch dem Josy Braun säin Orthografie-Klassiker „Eis Sprooch richteg schreiwen“ nei erausbruecht – als Léierwierk bei d’Reegelwierk.

Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen. ISBN 978-99959-1-132-4, 136 Säiten, 15 Euro