Dës Websäit benotzt Cookien, fir datt mir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ubidde kënnen. Cookieinformatioune ginn an Ärem Browser gespäichert an hunn ë. a. follgend Funktiounen: Se erkennen Iech, wann Dir nees op eis Websäit zréckkommt an se hëllefen eisem Team ze verstoen, wéi eng Sektioune vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.
“D’Lëtzebuerger Sprooch(en)” an der Belle-Etoile
Vum 12. bis den 22. Juli 2023 kann een d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. Dës mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.
Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. Op där enger Säit bezitt den Titel sech natierlech op d’Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D’Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. Op där anerer Säit gëtt d’Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d’Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert. Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen. An der Belle Etoile ass d’Ekipp vum ZLS all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren. |
Bachelor Lëtzebuerger Linguistik a Literatur
Aschreiwung bis de 25. Juli: Bachelor Lëtzebuerger Linguistik a Literatur
Dir interesséiert Iech fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Linguistik a Literatur? Dëse Studiegang ass eng vun den disziplinäre Spezialisatioune vum Programm “Bachelor en Cultures Européennes” a gouf am Wantersemester 2022 agefouert. Spezifesch fir de Studiegang ass e sprooch- a literaturdidaktesche Volet souwéi Stagen am Enseignement an/oder a kulturellen Institutiounen. Déi regulär Studienzäit ass 6 Semester mat engem obligatoreschen Auslandssemester am 5. Semester. Viraussetzung fir de Studium an der Luxemburgistik sinn eng exzellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen (C1) a gutt Sproochkenntnisser am Däitschen, am Franséischen an am Engleschen (B2).
Bis de 25. Juli kënnt Dir Iech fir de Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur aschreiwen. Ären Dossier muss da virum 1. August eropgeluede ginn. Äntwerte gëtt et ëmmer um Enn vum Mount.
Zwou Doktorandeplazen
Zwou Doktorandeplazen: Sproochentwécklungstest fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer
De Luxembourg Centre for Educational Testing, kuerz LUCET, vun der Universitéit Lëtzebuerg sicht zwee Doktoranden, fir e lëtzebuergesche Sproochentwécklungstest fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer ze entwéckelen. Hei fannt Dir d’Job-Offeren op Englesch:
Weider Informatioune gëtt et beim Sonja Ugen. |
Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“
|
|
|
|
Wat ass mat D’Lëtzebuerger Sprooch(en) gemengt? Ma dat sinn engersäits déi ënnerschiddlech Aart a Weisen, wéi Lëtzebuergesch benotzt gëtt. Anerersäits sinn et och déi vill Sproochen, déi zu Lëtzebuerg gebraucht ginn. An doriwwer gëtt et vill ze soen! An dëser Wanderausstellung, un där den ZLS iwwer Méint zesumme mat Historical Consulting geschafft huet, gëtt sech mat dësen Thematiken auserneegesat. Déi nei mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sproch (ZLS) mam Titel „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ gouf en Donneschdeg, 29. Juni 2023 vum Minister Claude Meisch an der Agora vun der Abtei Neimënster presentéiert. Do war se awer just e puer Stonnen ze gesinn … éier se elo op d’Rees geet.
|
|
|
|
Iwwer d’Ausstellung D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen. Den Titel ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemaen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel a Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune dës Aspekter ënner d’Lupp geholl: – Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg Nieft audiovisuellem Material bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een och zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen. Informatiounen iwwer d’Tournée vun der Wanderausstellung “D’Lëtzebuerger Sprooch(en)”Déi éischt Statioun vun der Expo ass an der Belle Étoile: Vum 12. Juli bis den 22. Juli 2023 kann een se do an der Neier Galerie entdecken. D’Ekipp vum ZLS ass all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren. Déi nächst Statioune sinn: • Ëlwen: vum 5. bis den 9. August 2023 Weider Datume kommen nach bäi. Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Gemengen, Schoulen, Veräiner … kënne sech beim ZLS mellen (expo@lod.lu). De Flyer fannt Dir ënnen ënnert “Umellung on tour”. Fotogalerie vum ZLS |
Presentatioun vum „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“
Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, haten häerzlech op d’Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 a Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit e Méindeg, den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen, invitéiert.
De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit ass dunn offiziell presentéiert ginn.
D’Christiane Kremer huet duerch den Owend geféiert, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musekalesch encadréiert a mat engem gemittleche Patt ofgeschloss gouf.
640 Säiten am A3-Format, 568 grouss Dialektkaarte mat Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt: De Sproochatlas vum Alain Atten a vum Claude Schmit huet et a sech. Gutt zwee Joer gouf dru geschafft, elo ass et endlech esou wäit.
Déi ganz Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 gouf gefilmt. De Link fannt Dir méi erof.
D’Fotoe si vum Sophie Margue a Steve Muller.