Fir Kanner a Jugendlecher

Schoulen

An der Crèche ginn d’Kanner u Lëtzebuergesch a Franséisch erugefouert. Dat franséischt Ëmfeld ass a ville Fäll eng Realitéit an dofir hunn d’Kanner hei vill Kontakt mat Franséisch.

Am Cycle 1 vun der Grondschoul gëtt de Fokus op Lëtzebuergesch, dann op Franséisch an op d’Méisproochegkeet gesat, an am Cycle 2 gëtt op Däitsch alphabetiséiert. Mee et ass kloer, datt et ganz vill verlaangt ass, a fënnef Joer zwou Sproochen ze léieren, oder esouguer dräi, fir déi Schüler, déi keng vun deenen dräi Sproochen doheem schwätzen.

D’Léierwierker Sprooch a Sproochen zu Lëtzebuerg sinn an dräi Bänn um Internetsite www.men.public.lu publizéiert.

Um Site vum Script www.portal.education.lu stinn eng Rei vun Aarbechtsmaterialie fir de plurilinguale Gebrauch, zum Beispill Gesangsbicher, Meng éischt 300 Wierder asw.). Um Site www.sila.script.lu fënnt een eng Online-Konferenz iwwert d’phonologesch Bewosstheet an och vill Léiermaterial, dat derzougehéiert. An da si mat der Pandemie eng ganz Rei Aktivitéite fir den Homeschooling ausgeschafft an op de Site www.schouldoheem.lu gesat ginn.

Am Secondaire ass elo eng obligatoresch Stonn Lëtzebuergesch op 4e virgesinn. Dono kënne Schüler, déi dat wëllen, sech an eng Optioun iwwer Orthografie, Kultur oder Literatur aschreiwen. Vun der 3e u kann een am Lycée Michel-Rodange op der A-Sektioun (Langues vivantes) Lëtzebuergesch als „4e langue vivante“ wielen. Op de Sektioune B, C, D, E, F a G kënnen d’Schüler Lëtzebuergesch als zousätzlech Sprooch wielen. De Programm ëmfaasst Elementer aus der Literatur, der Kulturgeschicht, der Linguistik an der Orthografie.

International schools

An den ëffentlechen internationale Schoule si Lëtzebuergeschcoursen an der Grondschoul an am Secondaire bis 5e obligatoresch, dono hunn d’Schüler d’Méiglechkeet, en optionale Cours am Lëtzebuergeschen ze wielen. Concernéiert sinn déi heite Schoulen:

Associéiert dorunner ass d’International School Michel Lucius (Lycée Michel Lucius, www.lml.lu).

An der Formation professionnelle ginn et Léierwierker, déi et de Schüler erlaben, sech mat der fachlecher Terminologie a verschiddene Sproochen an och am Lëtzebuergeschen ze familiariséieren.

Esou e Buch ass fir d’Formatioun vum Agent administratif et commercial erauskomm. Et ass och digital disponibel: Lëtzebuergesch am berufflechen Alldag (www.education.lu).

D’Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun lieft jo vun der Vilfalt vun de Sproochen an de Kulturen; eng Vilfalt, déi sech besonnesch an deene Beräicher weist, wou den Agent administratif et commercial schafft. Duerfir gëtt an der Formatioun Wäert drop geluecht, datt d’Léiermeedercher a -bouwen och op Lëtzebuergesch kommunizéiere kënnen. D’Publikatioun bitt d’Méiglechkeet, d’Sproochkompetenzen am Lëtzebuergeschen ze verdéiwen. Hei gëtt net nëmmen de beruffsspezifesche Wuertschatz geüübt, mee et ginn och Beispiller fir d’Kommunikatioun a verschiddene Gespréichssituatiounen oder an der berufflecher Korrespondenz.

Aner Bicher an dës Richtung si geplangt fir d’Formatioune vun den Industrieberuffer a fir d’Formatiounen an de Beruffer vun de Soinen a vun der Esthétique.

Fir Erwuessener

Institutiounen

LLO.LU- Léier Lëtzebuergesch Online

Léier Lëtzebuergesch Online – LLO.LU 
En neien Outil fir Lëtzebuergesch: digital, weltwäit a gratis 

Den 10. September 2022 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, zesumme mat der Direktesch vum Institut national des langues Luxembourg (INLL), Maisy Gorza, op enger Pressekonferenz déi nei Léierplattform fir d’Lëtzebuerger Sprooch LLO.LU virgestallt. Mat dëser neier Plattform fir Lëtzebuergesch online ze léieren, gëtt de Stellewäert vun eiser Sprooch och international valoriséiert an hire Gebrauch an der Zukunft promouvéiert. Mam LLO.lu, deen ab der Rentrée am September 2022 weltwäit gratis zougänglech ass, gëtt den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur an eiser moderner Gesellschaftoprechterhalen an den Zougrëff op qualitatiivt Léiermaterial garantéiert.

Lëtzebuergesch, eng beléifte Sprooch

Zanter Jore gewënnt d’Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi u Popularitéit, an dat an eisem Land an och iwwer d’Grenzeneraus. Sou hu sech mëttlerweil d’Aschreiwunge fir d’Lëtzebuergeschcoursen am INLL an de leschten 10 Joer méi wéi verduebelt, mat 5.707 Inscriptiounen am Schouljoer 2021/2022 géint 5.533 Aschreiwungen an de Franséischcoursen.

“D’Demande fir Lëtzebuergeschcoursen ass ganz grouss, sief et heiheem oder och doriwwer eraus. Dat weist d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Kommunikatiouns- an Integratiounssprooch och an der Perceptioun vun de Leit, déi se net oder nach net schwätzen. Mat dëser neier Plattform maache mir den Interesséierten et einfach, op eng flott an digital Manéier d’Sprooch ze léieren, an dat elo och weltwäit.”, huet de Claude Meisch ënnerstrach.

 

Eng attraktiv Plattform fir den Alldag an d’Aarbecht

D’Léierplattform LLO.LU bitt de Leit d’Méiglechkeet, d’Lëtzebuerger Sprooch op eng interaktiv Manéier ze léieren, mat verschiddene Lektiounen, déi sech souwuel op de private Gebrauch wéi och op den Aarbechtsmarché fokusséieren. Zougang zu dëser Léierplattform huet ee souwuel iwwer säi Computer wéi och iwwer eng speziell App fir iOS an Android. Den Interface ass op véier verschidde Sproochen disponibel: Däitsch, Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Wann ee sech fir d’éischte Kéier umellt, kann een en Astufungstest maachen, fir eng Aschätzung vu sengem aktuellen Niveau am Lëtzebuergeschen ze kréien an esou en individuelle Léierparcours festzeleeën. Den Test ass awer net obligatoresch fir de Contenu fräizeschalten.

D’Kapitele sinn thematesch opgebaut an zu all Thema gëtt et Videoen, Erklärungen an Exercicer an zum Schluss huet een dann och d’Méiglechkeet, dat wat ee geléiert huet unhand vun engem kuerzen Test ze préiwen.

Aktuell bitt d’Plattform LLO.LU Coursë fir d’Niveauen A1, A2 a ganz nei fir de Niveau B1 un (dëst nom Europäesche Referenzkader fir Sproochen). All Schouljoer kënnt ee weideren Niveau derbäi.

Investissement an den Apprentissage am Virtuellen an am Reellen

D’Entwécklungskäschte vun ronn 3,4 Milliounen Euro an den LLO.lu ënnersträichen dem Educatiounsministère säin Engagement, fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sproch: wärend 2 Joer huet eng Equipe vu 5 Leit d’Material fir d’Onlineplattform ausgeschafft, déi iwwer déi nächste Jore kontinuéierlech ausgebaut gëtt.

D’Léierplattform ka privat benotzt ginn an awer och vun de Lëtzebuergesch-Enseignanten, fir hire Schüler geziilt individuellt Material zur Verfügung ze stellen.

Am Kader vun LLO.LU wäerten ëmmer erëm flott Aktivitéite ronderëm d’Sprooch organiséiert ginn, dëst souwuel online wéi och op verschiddene Plazen uechter d’Land. En aktualiséierten Agenda ass um Site ze fannen. Donieft fënnt een hei och Infoen iwwer aner kulturell Manifestatiounen.

 

Videoclippen op Youtube: op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.

 

Institut national des langues Luxembourg (INLL)

Den INLL bitt Coursen an enger Rei Sproochen un, a speziell och am Lëtzebuergeschen. Am INLL gi Sproochekenntnisser zertifiéiert, och déi am Lëtzebuergeschen, wat am Kader vun der Demande fir d’Nationalitéit wichteg ass.

Och am INLL sinn d’Aschreiwunge fir Lëtzebuergeschcoursen an de leschte Jore staark an d’Luucht gaangen. Am akademesche Joer 2011/2012 waren 2.614 Leit an de Sproochecoursen um Institut ageschriwwen, am Joer 2021/2022 waren et der scho 5.707. 2019/2020 – am Joer virum Ausbroch vun der Pandemie – waren et souguer méi wéi 6.200 Aschreiwungen.

D’Coursë baséieren op de Bicher „Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?“, déi den INLL erausbruecht huet, fir d’Niveauen A1, A2 a B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GER).

D’Formatioun um INLL fir den ZLSK (Zertifikat Lëtzebuerger Sprooch a Kultur) erlaabt et, fir Lëtzebuergeschcoursen an der Formation des adultes ze halen.

An de meeschte Fäll muss eng Persoun, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit unhuele wëll, noweisen, datt se genuch Lëtzebuergesch kann. Dat gëtt am Sproochentest fir de mëndlechen Ausdrock a fir d’Héierverständnes gepréift. Bei de Kandidate sinn iwwer honnert Nationalitéite vertrueden, déi heiten am meeschten, der Rei no: Syrer, Fransousen, Russen, Däitscher, Inder, Iraker, Britten, Italieener, Belsch, Rumänen, US-Amerikaner, Polen, Ukrainer, Portugisen, Marokkaner, Tuneesier, Kameruner, Tierken, Afghanen, Brasilianer.

Informatiounen iwwert d’Naturalisatioun, fir Lëtzebuerger ze ginn:

www.guichet.public.lu

Den Taux de réussite läit an de leschte Joren tëscht 70 a 85 Prozent.

Formation des adultes

De Service vun der Erwuessenebildung offréiert eng Partie Coursen, als Basisausbildung oder um zweete Bildungswee, fir d’Integratioun vun Immigranten oder Flüchtlingen.

De Service de la formation des adultes (SFA) organiséiert Lëtzebuergeschcoursen zesumme mat iwwer 20 Gemengen an ongeféier 15 Associatiounen, déi all eng Konventioun mam SFA hunn.

2019/2020 goufen et insgesamt 8.396 Inscriptioune fir Lëtzebuergeschcoursen. Am Joer 2000 waren et der just 1.400. Duerch d’Coronapandemie gouf et awer e liichte Réckgang.

Et fält op, datt zwee Drëttel vun de Leit, déi hei Lëtzebuergesch léieren, Frae sinn.

Congé linguistique

Congé linguistique

De Congé linguistique ass e Spezialcongé vun 200 Stonne pro Beruffsliewen, deen et de Salariéen hei am Land vun allen Nationalitéiten (souwéi och den Independanten an deenen, déi e liberale Beruff ausüben) erméiglecht, d’Lëtzebuerger Sprooch ze léieren, respektiv ze perfektionéieren, fir sech besser kënnen an d’Gesellschaft ze integréieren.

Déi betraffe Salariéë mussen eng Demande un hire Patron maachen, dee säin Avis doriwwer ofgëtt. Duerno hu si, pro Stonn Congé, e Recht op e Lounausgläich, deen dem Stonneloun entsprécht. Dëse Lounausgläich gëtt vum Patron bezuelt, deen da 50 % dovunner vum Staat rembourséiert kritt. Déi Leit, déi als Independant schaffen, respektiv e liberale Beruff ausüben, hunn e Recht op e Lounausgläich vu 50 % vun engem Referenzmontant, deen als Basis gedéngt huet fir de leschten Exercice cotisable. An deenen zwee Fäll dierf de Remboursement e Véierel vum Stonneloun vum onqualifizéierte Mindestloun net depasséieren.

D’Formatioune vun der Lëtzebuerger Sprooch, déi zu Lëtzebuerg respektiv am Ausland ugebuede ginn, sinn eligibel fir d’Accordéiere vum Congé linguistique. Wann de Patron decidéiert, op eegen Initiativ Lëtzebuergeschcoursen ze organiséiere fir seng Mataarbechter, huet den Aarbechtsministère e Budgetskredit, fir sech kënnen un den Organisatiounsfraisen ze bedeelegen.

An de leschte Joren hunn iwwer 3.500 Salariéen an Independanten eng Demande fir e Congé linguistique beim Ministère du Travail gemaach, fir kënne Lëtzebuergesch ze léieren.

Jee 41 Prozent vun den Demandeure wunnen zu Lëtzebuerg oder a Frankräich, 14 Prozent an der Belsch, 4 Prozent an Däitschland. Dobäi sinn zwee Drëttel Fraen an een Drëttel Männer.

Pro Joer ginn normalerweis ëm 300 Demandë gestallt, just 2020 an 2021 waren et der manner, wat natierlech mat Corona ze dinn dierft hunn.