De Strategiepabeier vun der Regierung 2017

Et war d’Äntwert vun der Regierung op vill Diskussiounen an och Petitiounen iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch an de Joren 2015 an 2016. Am Mäerz 2017 gouf eng Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl, déi awer och d’Importenz vun der Villsproochegkeet ënnerstrach huet.

Eng laangfristeg Sproochen- a Kulturpolitik

D’Regierung erkennt d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch un. Och wann et scho vill Moossname gëtt, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, wëllt d’Regierung hiert Engagement fir d’Sprooch nach eng Kéier verstäerken. Mee och d’Méisproochegkeet ass eng Charakteristik vu Lëtzebuerg. Nieft dem Lëtzebuergeschen, dem Däitschen an dem Franséische sinn am Alldag nach aner Sproochen am Gebrauch. Zesumme präge si d’Identitéit vun eisem Land an droen e weesentlechen Deel zu der sozialer Kohäsioun bäi. Dofir engagéiert sech d’Regierung mat der Promotioun vum Lëtzebuergeschen och gläichzäiteg fir d’Promotioun vun der Méisproochegkeet.

 

Véier staark Engagementer vun der Regierung

D’Regierung viséiert véier grouss, iwwergräifend Ziler an engagéiert sech konkreet, fir:

  1. de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken;
  2. d’Norméierung, de Gebrauch an d’Etüde vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwen;
  3. d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze fërderen;
  4. d’lëtzebuergesch-sproocheg Kultur ze promouvéieren.

 

De Commissaire evaluéiert reegelméisseg an engem Rapport un de Minister d’Ëmsetzung vun de verschiddenen Ziler vun der Strategie.

Aktiounsplang

De Prinzip vum transversalen 20-Jores-Aktiounsplang ass am Gesetz festgehalen. Dee gëtt zesumme mat allen Acteure vun eiser Gesellschaft ausgeschafft, well praktesch all d’Beräicher vun der Ëffentlechkeet an och all d’Ministèrë concernéiert sinn. Dee Plang soll vun en alleguer gedroe ginn, an déi iwwergräifend Richtlinne sollen e kohärente Suivi vun der Lëtzebuerger Sprooch erméiglechen.

D’Diskussioune ronderëm dee Plang, dorënner och déi landeswäit geplangte Biergerforen (inkl. digital Consultatioun), déi 2020 stattfanne sollten, hu misse wéinst der Pandemie op e spéideren Zäitpunkt verluecht ginn.

 

2021 gouf et eng grouss Campagne, fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen a jiddweree mat drun ze bedeelegen. D’Campagne wuertschatz.lu huet vum 21. Juni 2021 un de Public opgeruff, Wierder a Spréch, déi an de Vergiess gerode sinn, ze sammelen an eranzeginn. Zil ass et, de Räichtum vun der Sprooch ze weisen an op eng flott a faarweg Aart a Weis ze presentéieren.

Nodeems de Minister déi Campagne lancéiert hat, hunn am éischte Mount iwwer 11.000 Persounen de Site besicht. Am Ganze si méi wéi 1.700 E-Maile erakomm an iwwer 3.000 Spréch goufe gemellt.

Op Facebook louch de Gesamt-Reach bei 108.132; och do koumen eng 200 Spréch eran. Och op Instagram, mat engem Reach vun iwwer 2.000, an op Twitter, mat engem Reach vu bal 10.000, war den Interessi grouss.

All déi Spréch gi beim ZLS gekuckt, eng Selektioun dovu kënnt an den LOD oder gëtt op anere Supporten opgegraff an erkläert.

Sproocheronn 2022

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch

Sproocheronn 2022 op 4 Plazen am Land

Den Educatiounsminister mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) waren op den Tour, fir den zoukënftegen 20-Jores-Plang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergesche mat de Bierger ze diskutéieren.

Background: D’Regierung huet 2017 eng Strategie fir d’Promotioun an d’Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl mat engem Plang mat 40 konkreete Moossnamen. En Haaptpunkt war d’Ausschaffe vun engem 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir deen de Commissaire responsabel ass. D’Sproocheronn erlaabt elo, datt d’Bierger un der Ausaarbechtung vum 20-Joresplang bedeelegt ginn.

Sproocheronn 2022: Et ware véier Owender mam Minister, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), an de véier verschidde Regiounen uechter d’Land, geplangt.

D’Datumer vun der Sproocheronn waren déi heiten, allkéiers um 19 Auer:

  • 7. Juni: Terres-Rouges-Gebai um Belval, 14, Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette
  • 9. Juni: Lycée classique d’Echternach, 1, rue du Pont L-6471 Echternach
  • 14. Juni: Lycée Michel-Rodange an der Stad, 30, bd. Pierre Dupong Campus Geesseknäppchen L-1430 Luxembourg
  • 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf , 1, rue Edward Steichen L-9707 Clervaux

All Owend goung u mat enger Aféierung iwwer d’Strategie vun 2017 an doriwwer, wéi wäit déi Mesuren ëmgesat sinn. Duerno goufen dräi Workshoppen organiséiert, an deenen d’Leit hir Meenung an hir Iddie konnten äusseren.

D’Theeme vun dëse Workshoppen waren:

  1. Lëtzebuergesch léieren
  2. Lëtzebuergesch am Alldag
  3. Lëtzebuergesch am 21. Joerhonnert

Dono gouf zesumme gekuckt, wat dobäi erauskomm ass,  an et gouf e Patt offréiert.

Et war parallel och méiglech, op dem online Forum op dësem Site matzemaachen.

Wat mengt Dir ? Är Meenung zielt.

Andréck vun der Sproocheronn

Op véier Owenter a véier Regioune ueschtert d’Land war all Bierger invitéiert, fir sech aktiv un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen. Am Terres-Rouges-Gebai um Belval, am Spigelsall am Lycée zu Iechternach, an der Stad am Lycée Michel Rodange an als Ofschloss zu Clierf am Lycée Edward Steichen, si vill Proposen, Iddien, Diskussiounen  iwwert an ëm d’Lëtzebuerger Sprooch opkomm.

Duerfir soe mir Iech all Merci.

Ausstellung

Am Optrag vum Educatiounsminister huet sech en Aarbechtsgrupp drëm gekëmmert, e Konzept vun enger Ausstellung iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch auszeschaffen. Mat derbäi sinn d’Presidentin vum Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.

De Kulturministère huet d’Zouso ginn, fir dëse Projet mat Hëllef vun de véier Kulturinstituter CNL, BNL, ANL a CNA ze ënnerstëtzen. Déi zoustänneg Experte vun der Universitéit an aus den zoustännegen Associatiounen hunn och hir Mataarbecht confirméiert.

Dës Ausstellung soll och ëmmer de Lien mat der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg maachen an et soll speziell d’Entwécklung vun de verschiddene Sproochen zu Lëtzebuerg beliicht ginn.

Fir dës Ausstellung sinn zwou Varianten envisagéiert, déi, wann déi budgetär Méiglechkeeten et zouloossen, an den nächste Jore realiséiert ginn:

  • Eng fest Ausstellung
  • Eng mobil Ausstellung fir an d’Schoulen an an d’Gemengen

Dës Ausstellung soll net statesch ginn, mee interaktiv mat Workshoppen.

Sujete vun der Ausstellung sinn:

 

D’Ausstellung riicht sech u Leit, déi hei gebuer sinn, un déi, déi heihinner geplënnert sinn, un Touristen, u Schüler a Studenten. Si all solle kënne mat op eng participativ Rees goen an dobäi Äntwerten op hir Froe kréien:

Kulturell Projeten

Kulturell Projeten a Lëtzebuerger Sprooch

Dozou gehéieren direkt Subside fir Kulturprojete vu Veräiner, Privatpersounen oder Gemengen, déi de Kulturministère op Dossier an op Basis vun der Analys vun enger interner Kommissioun verdeelt. Ënnerstëtzt ginn do och CDe vu Lëtzebuerger Museker a Musekerinnen. Hei fält op, datt d’Lëtzebuergescht sech ewell och als ganz modern Sprooch etabléiert huet: A Genren ewéi Rap oder Urban Music ass Lëtzebuergesch ganz geleefeg, denke mer u Leit wéi Nicool (Nicole Bausch), Turnup Tun (Tun Tonnar) oder Tommek (Tom Mersch).

Dozou gehéieren awer och direkt Hëllefe fir Iwwersetzungen, op där enger Säit fir Bicher vun auslänneschen Auteuren an Autorinnen an eng vun den offizielle Lëtzebuerger Sproochen ze iwwersetzen, esou och Lëtzebuergesch. Lëtzebuergesch Editiounshaiser bréngen z. B. reegelméisseg lëtzebuergesch Iwwersetzunge vu bekannte Kanner- a Jugendbicher eraus a fërderen domat d’Kenntnis vun der Sprooch am jonken Alter. Mee déi Iwwersetzungshëllef betrëfft op där anerer Säit och Bicher vu Lëtzebuerger Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen. Hei gëtt et eng Kommissioun vun Experten aus dem Ministère, dem Centre national de littérature (CNL) an den Editeuren, fir d’Projeten ze aviséieren. Iwwer dee Wee konnt zum Beispill dem Gast Groeber säi Romain „All Dag verstoppt en aneren“ op Griichesch a Kroatesch iwwersat ginn oder dem Tullio Forgiarini saïn „Amok“ op Däitsch an op Serbesch.

Doriwwer eraus gëtt et eng Rei Präisser a Concoursen, an deenen d’Lëtzebuergescht an och d’Méisproochegkeet vu Lëtzebuerg geéiert an ënnerstëtzt ginn: den Nationale Literaturconcours vum Kulturministère, deen all Joer en anere Genre fërdert, oder de Batty-Weber-Präis, deen zanter 1987 all dräi Joer e wichtegen Auteur oder eng wichteg Autorin fir hiert Liewenswierk éiert (dorënner d’Anise Koltz, de Roger Manderscheid, de Pol Greisch an de Guy Rewenig).

Dëst geschitt am Kader vun der Kulturpolitik, déi op www.mc.gouvernement.lu verëffentlecht ass, an no de Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang (Kep), deen ënner kep.public.lu ze liesen ass.

Recherche

Schnëssen ass déi éischt App, fir d’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren.

Bei der Schnëssen-App handelt et sech ëm e Crowdsourcing-Projet. Dat bedeit, datt mat Hëllef vun der App Daten aus der Bevëlkerung vun de Leit selwer gesammelt ginn. Fir e méiglechst ëmfaassend Bild vum Lëtzebuergesche vun haut ze kréien, ass et wichteg, datt méiglechst vill Leit aus all den Ecker vum Land matmaachen.

Matmaache ka jiddereen, ob Al oder Jonk, Mann oder Fra, Mammesproochler oder Net-Mammesproochler, Resident oder Net-Resident. Déi eenzeg Viraussetzung ass, datt ee Lëtzebuergesch schwätze kann.

Fir Deel vum Projet ze ginn, muss ee just d’App eroflueden.