Geschicht

Um Site iwwer d’Kulturgeschicht sinn detailléiert Informatiounen ze fannen iwwer Lëtzebuerg a speziell d’Presentatioun „Wéi Lëtzebuerg dräisproocheg ginn ass – en Iwwerbléck iwwer d’Sproochgeschicht bis 1984“ geet genee op d’Geschicht vun der Nationalsprooch an.

Grupp vun historesch Evenementer

Muselfränkesch

Sproochhistoresch stellt d’Lëtzebuergescht eng muselfränkesch Varietéit aus dem Westmëtteldäitschen duer. Et gëtt ugeholl, datt et historesch betruecht duerch fränkesch Expansiounsbeweegunge weider am Paräisser Becken zu éischte Kontakter mat gallo-romanesche Sproochelementer koum, wouduerch eng Sproochmëschung entstanen ass, déi haut als Ursprong vum Lëtzebuergeschen ugesi gëtt.

Quell: GILLES 2012

Grenzen

Säit der Territorialgrënnung am 10. Joerhonnert hu sech ettlech Mol d’Landesfläche verännert. Aus sproochhistorescher Siicht ass et wichteg ze verstoen, datt déi verschidde politesch Gewalten allkéiers entweeder eng germanesch oder eng romanesch Sproochausriichtung gefërdert hunn.
D’Kaart hei resuméiert déi bedeitendst territorial Verännerungen.
Déi hellrout Fläch skizzéiert den aktuellen Territoire vu Lëtzebuerg, deen am Laf vun de Joerhonnerte vill méi kleng ginn ass. D’Kaart weist, datt dat historescht Lëtzebuerg zweesproocheg war, mat engem romaneschen an engem germaneschen Deel.

Déi haiteg Grenzen

Den 19. Abrëll 1839 gouf Lëtzebuerg duerch de Londoner Vertrag onofhängeg, och wann et bis 1890 nach dem hollännesche Kinnek ënnerstoung. De westlechen, franséischsproochegen Deel vum Land koum un d’Belsch a Lëtzebuerg hat zu deem Ament bal nëmmen nach däitschsproocheg Awunner.

Mee déi wichteg wirtschaftlech Connectioune goufe gréisstendeels virun op Franséisch ofgewéckelt, enger Sprooch, déi zu Lëtzebuerg als Deel vun der franséischer Republik, als Département des Forêts vu 1795 bis 1814, souwisou vu grousser Bedeitung war; ë. a. ginn d’Grondlage vun den haitege juristeschen Texter op déi Zäit (Code Napoléon) zeréck.

D’Franséischt gouf deemools a ganz Westeuropa, virun allem bei den Elitten, als Kultur- a Bildungssprooch ugesinn an a villen däitsche Staaten a Klengstaate bei der héijer Bourgeoisie geschwat.

Zu Lëtzebuerg ass déi franséisch Sprooch net zeréckgaangen. 1843 ass e Schoulgesetz gestëmmt ginn, dat Franséisch als Flichtfach agefouert huet. Dëst hat d’Zil, fir sech kulturell a politesch vum deemolege Preußen ofzegrenzen. Lëtzebuerg huet offiziell als zweesproocheg gegollt, well Lëtzebuergesch zu där Zäit nach als Dialekt ugesi gouf.

An der 1848 publizéierter Verfassung gëtt ganz liberal d’Gläichberechtegung vum Däitschen a Franséischen och offiziell a juristesch festgehalen, de lëtzebuergeschen Dialekt gëtt net an der Constitutioun ernimmt.

Lëtzebuerg bleift Member vum Deutschen Bund, bis d’Opléisung 1867, a kritt duerno den Neutralitéitsstatut zougeschwat, mee war bis 1919 am däitschen Zollveräin an huet doduerch virun allem de wirtschaftlechen Afloss vun Däitschland gespuert.

E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, Antoine Meyer
1801-1857 Verlag Lezeburg : J. Lamort, 1829
Virwuurt
Virwuurt vun E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus Antoine Meyer, 1801-1857 Verlag Lezeburg : J. Lamort, 1829
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung, Jean-François Gangler 1788-1856, Verlag Luxemburg : V. Hoffmann, 1847
E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus, Antoine Meyer, 1801-1857 Verlag Lezeburg : J. Lamort, 1829
Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung, Jean-François Gangler 1788-1856, Verlag Luxemburg : V. Hoffmann, 1847

Éischt Schrëtt zu enger Schrëftsprooch

D’Lëtzebuergescht ass deemools dacks Lëtzebuerger Däitsch oder Onst Däitsch genannt ginn. Et koum zu éischte sproochleche Standardiséierungsprozesser an zu éischte Publikatiounen. Den Antoine Meyer huet am Joer 1829 „E’ Schrek ob de’ Lezeburger Parnassus“ publizéiert, inkl. enger kuerzer Iwwerleeung iwwert déi benotzten Orthographie.

1847 koum den éischten Dictionnaire vum Jean-François Gangler, de„Lexikon der Luxemburger Umgangssprache”, mat franséischen an däitschen Iwwersetzungen an Erklärungen, eraus.

Edmond de la Fontaine
Michel Lentz
Buste Michel Rodange, Waldbillig
Michel Rodange
Edmond de la Fontaine et Michel Lentz ©Autorenlexikon
Michel Rodange, Waldbillig, Sculpteur Mario Pessot, photo Pierre Haas

Dicks – Rodange – Lentz

Vun den 1850er-Joren un entstinn dann − gedroe vun den dräi groussen nationalen Dichter Dicks (Edmond de la Fontaine), Michel Lentz a Michel Rodange − eng ëmmer méi populär lëtzebuergeschsproocheg Literatur: déi éischt lëtzebuergeschsproocheg Theaterstécker vum Dicks, bekannt Gedichter a Vollekslidder vum Michel Lentz an de „Renert” vum Michel Rodange.

Literaresch gesinn, huet de Renert de Startschoss vun der Literatur a Lëtzebuerger Sprooch ginn, an dat, nodeems datt dëst bedeitend Wierk déi éischt Joerzéngten no senger Publikatioun kaum Succès hat an de Rodange eréischt posthum zu de verdéngten Éiere koum, virun allem no de Feieren, op deenen hien 1926 fir säi 50. Doudesdag an 1927 fir säin 100. Gebuertsdag geéiert gouf.

„Sprachlich gelingt Rodange zweierlei. Er ist der erste, der die metrischen und rhythmischen Möglichkeiten des Luxemburgischen entwickelt und voll ausschöpft.“, Germaine Goetzinger. Luxemburgisch als Literatursprache. Aus: Lëtzebuergesch. „eng Ried déi vun allen am meeschten ëm ons kléngt“. Centre national de littérature, 2000.

Batty Weber ©Autorenlexikon

En authentesche Lëtzebuerger Modell

D’Diskussioun iwwert d’Dräisproochegkeet an dat doduerch bedéngten Zesummefléisse vu verschidde Kulturen zu Lëtzebuerg huet bewierkt, datt de lëtzebuergesche Journalist an Auteur Batty Weber an engem Artikel an de Münchener Neueste Nachrichten 1909 de Begrëff vun der Mischkultur geschaf huet. Hei postuléiert hien, datt Lëtzebuerg, duerch déi historesch Connectioune mat den Nopeschlänner, esouwuel däitsch wéi och franséisch Kulturelementer iwwerholl an zu engem lëtzebuergeschen Unikum vermëscht huet. Dobäi huet de Batty Weber dacks deen eegestännege Charakter vun der Lëtzebuerger Sprooch ënnerstrach.

Caspar Mathias Spoo ©Autorenlexikon

D’Ried vum C. M. Spoo an der Chamber

Schonns 1848 hat den Deputéierte Karl-Mathias André an der Ständeversammlung zu Ettelbréck op Luxemburger Deutsch geschwat, wourobber den Deputéierten Norbert Metz him och esou geäntwert huet. D’Zeitungen hunn dëst Evenement mat groussem Interessi opgeholl.

Wann d’Theema vum Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an ëffentleche Rieden opgegraff gëtt, da gëtt meeschtens dem Caspar Mathias Spoo seng bekannten Interventioun an der Chamber, aus dem Joer 1896, ernimmt. A senger Ried vum 9. Dezember 1896 soll hien e Luefgesang op d’Lëtzebuergescht gehalen hunn. De Spoo krut verbueden „de se servir de l’idiome du pays dans nos débats publics.“

Eng Koinè

De Constat, datt sech zu där Zäit net nëmmen inkohärent lokal Dialekter an der Bevëlkerung forméiert haten, mee datt dës sougenannte Lokalmundarten zesummegefaasst als eng iwwergräifend lëtzebuergesch Ëmgangssprooch konnten ugesi ginn, gouf déi éischte Kéier vum Engelmann am Joer 1910 a sengem Artikel iwwert de Vokalismus vun der Veianer Mondaart beschriwwen. Hei féiert hien, éischter an engem Niewesaz vu senger Argumentatioun, de wichtege Begrëff vun der sougenannter lëtzebuergescher Koinè an; d. h. der „allgemein luxemburgischen Umgangssprache“. Den Ursprong vun dëser iwwerregionaler Mondaart vum Lëtzebuergesche gesäit hien an der Mëtt vum Land a gëtt un, datt dës vun enger breeder Mëttelschicht geschwat gëtt.

D’Schoulgesetz 1912

1912 gouf Lëtzebuergesch déi éischte Kéier offiziell an der Schoul agefouert, sou datt nieft der Landesgeschicht och d’Lëtzebuergescht sollt ënnerriicht ginn. Duerch d’Publizéiere vu Bicher gouf eng Form vu standardiséierter Rechtschreiwung an de Schoule verbreet, och wann d’Beherrsche vun der Orthografie keen direkt Léierzil war. D’Welter-Engelmann-Schreifweis gouf zwar ni offizialiséiert, mee huet bis um Enn vum Zweete Weltkrich als Norm gegollt.

Den Zweete Weltkrich

Den nazi-däitschen Okkupant huet am Zweete Weltkrich déi identitéitsstäerkend Beweegung bei de Lëtzebuerger richteg un d’Rulle bruecht. Bei enger Vollekszielung sollten d’Leit hir Staatsangehörigkeit, Muttersprache a Volkszugehörigkeit uginn, awer Lëtzebuergesch war als Äntwert net erlaabt, well et jo nach ëmmer als däitschen Dialekt gegollt huet.

D’Lëtzebuerger hunn trotzdeem a grousser Majoritéit op déi dräi Froe mat Lëtzebuergesch geäntwert, wourop den Zensus annuléiert gouf.

Lëtzebuergesch nom Zweete Weltkrich

Well nom Krich déi däitsch Sprooch keng Optioun méi war, ass d’Funktionalitéit an de Prestige vum Franséischen nach emol staark gewuess. D’Gesetzer si just nach op Franséisch publizéiert ginn an net, wéi virum Krich, mat enger däitscher Iwwersetzung.

D’Lëtzebuergescht huet als alldeeglech Kommunikatiounssprooch an der Mëndlechkeet fungéiert. Mee eng offiziell Roll hat et net.

D’Sproochegesetz 1984

Mam Gesetz vum 24. Februar 1984 ass Lëtzebuergesch offiziell als Sprooch unerkannt ginn, als Nationalsprooch vun de Lëtzebuerger:

Gläichzäiteg gouf och déi geliefte Méisproochegkeet juristesch verankert.

 

 

Legilux

Schreifweis

D’Reegelen iwwer d’Orthografie vun der Lëtzebuerger Sprooch hu bis 2019 op zwee Reglementer vun 1975 an 1999 baséiert.
1999 kruten de François Schanen an de Jérôme Lulling vun der Université Paul Valéry vu Montpellier den Optrag, aus deenen zwee Reglementer en Texte coordonné ze maachen. Hiren Text gouf 2001 dem CPLL virgestallt, um Site vum CPLL publizéiert, awer ni offizialiséiert. En ass awer eng wichteg Quell vun deem haitege Reegelwierk.
2018 huet de CPLL e koordinéierten a completéierten Text vum Reegelwierk proposéiert, dee vu verschidden Aarbechtsgruppen ausgeschafft gi war. De Public gouf invitéiert, ze reagéieren an Avisen eranzeginn. Mat deenen Avise gouf eng zweet Versioun ausgeschafft. Den Usproch war et, e kohärent Reegelwierk ze schafen, mat deem vill méi orthografesch Fäll wéi virdru kënne gekläert ginn.
Déi nei Orthografie gouf vum nei gegrënnten Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) finaliséiert a vun der Regierung 2019 ugeholl. No enger kuerzer Iwwergangszäit ass vum September 2020 un „D’Lëtzebuerger Orthografie“ vum ZLS déi eenzeg offiziell Referenz.

LOD

Den Interessi fir d’Lëtzebuerger Sprooch beim Grand public weist sech un de Frequentatiounszuele vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD): Am Joer 2021 sinn net manner ewéi 11 Millioune Wierderbuch-Artikele gekuckt ginn. An der Moyenne ginn all Dag 2.500 Leit op de Site. An de Vakanzen an de Weekend ass et gewéinlech méi roueg ewéi an der Woch, wou alt Spëtzte vun ëm déi 3.500 Useren den Dag erreecht ginn. Op esou Deeg ginn dann och iwwer 40.000 Artikelen opgeruff. Aktuell sinn iwwer 30.000 Artikelen (Lemmaen) am LOD (Stand Abrëll 2022). Den LOD gëtt permanent aktualiséiert. Et kommen ëmmer nees nei Fonctioune bäi; aktuell fënnt een am LOD Audioen, Iwwersetzungssproochen, Gebäerdesprooch-Videoen, Dyslexie-frëndlech Schrëft, Template-Artikelen, phoneetesch Transkriptiounen, déi dem internationale phoneeteschen Alphabet entspriechen …

Den LOD ass Open Data. Zanter 2018 ass de kompletten Datesaz online a ka mëttlerweil och als PDF erofgeluede ginn.

www.lod.lu

Sproochelandschaft zu Lëtzebuerg

D’Liewe vun all Awunner vu Lëtzebuerg ass markéiert vun der historesch gewuessener méisproocheger Situatioun.

D’Ernennung vum Lëtzebuergeschen als Nationalsprooch huet an den 80er- an 90er-Joren net vill un der Sproochesituatioun vu Lëtzebuerg geännert. Franséisch ass d’Prestigesprooch bliwwen an ass ëmmer méi als Kommunikatiounssprooch agesat ginn. Obwuel dat Franséischt nach ëmmer zu groussen Deeler am lëtzebuergeschen Alldag als Verkéierssprooch verankert ass (besonnesch och duerch déi héich Unzuel un deegleche Pendler), sou hëlt, a bestëmmten Aarbechtssegmenter wéi z. B. dem Finanzsecteur, d’Roll vum Engleschen als Kommunikatiounssprooch zou.

Zanter den 1980er-Joren ass d’Ekonomie staark gewuess an domat ass d’Awunnerzuel an d’Luucht gaangen, vun 315.000 am Joer 1961 op elo iwwer 600.000. Den Undeel vun Auslänner ass an där Zäit vun 13 op 47 Prozent eropgaangen, an absolutten Zuele vun 41.000 op 300.000.

D’Zuel vun de Pendler, déi all Dag iwwert eng Grenz op Lëtzebuerg schaffe kommen, ass ganz staark eropgaangen, vun 11.000 am Joer 1974 op elo iwwer 200.000. D’Hallschent kënnt aus Frankräich, jee e Véierel aus Däitschland an aus der Belsch. Quell: www.statec.lu

 

Déi komplex Situatioun zu Lëtzebuerg an hir Superdiversity si vergläichbar mat där an auslännesche Groussstied, woubäi natierlech zu Lëtzebuerg weesentlech manner Leit liewen ewéi zu Bréissel, London oder Paräis. An et gëtt nach e ganz däitlechen Ënnerscheed: Wien sech zu London oder Paräis oder och Bréissel wëll an déi bestoend Gesellschaft a virun allem an d’Schoul integréieren, dee brauch just eng Sprooch ze léieren. Zu Lëtzebuerg muss een der dräi kënnen, fir an der Schoul ze fonctionéieren: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, déi allen dräi als Unterrechtssprooche gebraucht ginn.

Déi sproochlech Diversitéit gehéiert zu Lëtzebuerg fir jiddwereen zum Alldag, sief et an der Schoul, doheem oder och op der Aarbecht. An der Moyenne benotzen d’Awunner vum Grand-Duché méi wéi zwou Sproochen am Dag.

Déi haiteg Méisproochegkeet huet sech am Laf vun der Zäit entwéckelt an ëmmer erëm verännert. De Gebrauch an de Stellewäert vum Lëtzebuergesche schénge sech manner top-down, also vu staatlecher Säit octroyéiert, verännert ze hunn, mee villméi duerch een an der Gesellschaft gewuessene Wiessel a punkto Status a Prestige. Et gëtt haut als wichteg empfonnt, datt Lëtzebuergesch a senger mëndlecher an och a senger schrëftlecher Form eng dominant Roll an der Gesellschaft spillt.

 

Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg heescht:

Franséisch,
Däitsch a Lëtzebuergesch

als juristesch definéiert Amtssprooche
vu Lëtzebuerg

Italieenesch a spéiderhi Portugisesch als wichteg Migratiounssproochen
am Kontext vun den Aarbechterbeweegungen
(vun den 1950er Joren un)

engem heterogeene
Melting- Pot vun ënner-
schiddleche Sproochen,
déi haut am Alldag zu
Lëtzebuerg benotzt ginn.
Dëst am Hibléck op eng divers Populatioun, déi
a Lëtzebuerg
schafft a lieft.