De 25. Februar 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung vum 1. nationale Kanner-a Jugendliteraturpräis am Kader vun der D’YEP-Schoulfoire.
Dëse Literaturpräis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun de villen Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.
No enger Aféierung iwwert d’Wichtegkeet vun dësem nei kreéierte Präis vum Präsident vum Jury*, dem Här Luc Weis, goufen d’Gewënner vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022 ausgezeechent.
De Gewënner vum Kanner-a Jugendliteraturpräis ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Text “Kéipercher”. D’Laudatio fir de Jhemp Hoscheit gouf vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Här Pierre Reding gehalen.
Donieft goufe vum Jury dräi Texter zeréckbehalen, déi a Publikatioune vum SCRIPT iwwerholl wäerte ginn, ënner anerem am Reader fir de Lëtzebuergeschcours vun der 4ième.
Dëst sinn:
- „Gespréicher iwwert de Luca“ vum Jhemp Hoscheit,
- „Karamëll“ vum Claudine Muno; den Här Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch bis 2002, huet dem Public dësen Text presentéiert,
- „Den Ufank“ vum Fabienne Faust, dee vum Luc Belling aus dem SCRIPT virgestallt gouf.
*De Jury vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022: M. Luc Weis (Präsident vum Jury), Mme Nathalie Jacoby, Mme Francine Vanolst, Mme Sandra Da Silva, M. Sébastian Thiltges, M. Luc Belling.
Den 22. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, fir d’éischte Kéier den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Jongelycée um Lampertsbierg iwwerreecht.
Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerke soll. Dësen neie Präis zeechent all Joer eng Persoun, e Wëssenschaftler, en Auteur, en Editeur oder och e Museker aus, dee sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.
„Wa mir un d’Lëtzebuerger Sprooch an dat allgemengt Sproochbewosstsi an de leschte Joren denken, däerfen de Lex Roth an den Alain Atten net feelen. Allebéid setze se sech zanter Jore fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a si hunn dozou bäigedroen, d’Sprooch ze promouvéieren, de Leit se nozebréngen, se ze erhalen an ze dokumentéieren. Béid Laureate si reegelrecht Pionéier, wann et drëms gaangen ass, fir d’Lëtzebuergescht méi visibel ze maachen“, wéi de Claude Meisch ënnerstrach huet.

Den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch huet de neie Service “schreifmaschinn.lu” virgestallt. Dëse Programm wandelt geschwate Sprooch an e geschriwwenen Texter ëm.
Dir hutt d’Méiglechkeet, en Text live an e Mikro ze schwätzen oder e fäerdegen Audio-Fichier eropzelueden. D’Donnéeë ginn direkt vum Tool ausgewäert, dat kann allerdéngs e puer Sekonnen daueren.
Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem Reenert a vun de Walfer Bicherdeeg, hat de SCRIPT zesumme mam ZLS an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque Reenert, freides, den 18. November 2022 vu 14.00 bis 18.00 Auer, organiséiert.
Den Educatiounsministère huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem Reenert, erausbruecht. Dëst Wierk, dat als Nationalepos vum Lëtzebuergesche gëllt, koum 1872 eraus, also viru genee 150 Joer.
Eng ganz Rei Experten hunn déi verschidde Facettë vum satiresche Meeschterwierk beliicht. Et koumen Experten zu Wuert, déi op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun agaange sinn.
Hei nach eng Kéier de Programm vum Reenert-Colloque:
14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt
De Colloque gouf och live iwwerdroen op rtl.lu.
Och dëst Joer hat den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT e flotte Stand op de Walfer Bicherdeeg.
Vill Leit hate de Wee fonnt an hu sech fir deen neie Reenert, deen den Educatiounsministère, am Kader um 150.Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk, erausbruecht huet, interesséiert. Dernieft stoung den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz an déi nei Oplo, mëttlerweilen déi 5. Oplo, vun der Lëtzebuerger Orthografie, am Mëttelpunkt.
D’Ekipp ëm de Luc Marteling vum ZLS an de Luc Weis vum SCRIPT konnt sech iwwert vill Besuch freeën.
30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis
Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.
Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d’Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d’Betounung, behandele se fir d’éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d’Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titel: Kuriéises an Nëtzleches.

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.
Link op d’Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen
Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).
Am Kader vun der completéierter Orthografie vum November 2019 huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch dem Josy Braun säin Orthografie-Klassiker „Eis Sprooch richteg schreiwen“ nei erausbruecht – als Léierwierk bei d’Reegelwierk.
Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen. ISBN 978-99959-1-132-4, 136 Säiten, 15 Euro
Fir deenen, déi eng Affinitéit zu der englescher Sprooch hunn, och e méiglechst liichten Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie ze ginn, gouf dem Josy Braun seng Orthografie-Didaktik och op Englesch iwwersat.
De Klassiker vum Josy Braun ass also elo an dräi Sproochen disponibel: op Lëtzebuergesch, op Franséisch an op Englesch.
Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen – English Version: An Introduction to Luxembourgish Spelling, 978-99959-1-207-9, 128 Säiten, 15 Euro