De 25. Februar 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung vum 1. nationale Kanner-a Jugendliteraturpräis am Kader vun der D’YEP-Schoulfoire.
Dëse Literaturpräis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun de villen Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.
No enger Aféierung iwwert d’Wichtegkeet vun dësem nei kreéierte Präis vum Präsident vum Jury*, dem Här Luc Weis, goufen d’Gewënner vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022 ausgezeechent.
De Gewënner vum Kanner-a Jugendliteraturpräis ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Text “Kéipercher”. D’Laudatio fir de Jhemp Hoscheit gouf vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Här Pierre Reding gehalen.
Donieft goufe vum Jury dräi Texter zeréckbehalen, déi a Publikatioune vum SCRIPT iwwerholl wäerte ginn, ënner anerem am Reader fir de Lëtzebuergeschcours vun der 4ième.
Dëst sinn:
- „Gespréicher iwwert de Luca“ vum Jhemp Hoscheit,
- „Karamëll“ vum Claudine Muno; den Här Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch bis 2002, huet dem Public dësen Text presentéiert,
- „Den Ufank“ vum Fabienne Faust, dee vum Luc Belling aus dem SCRIPT virgestallt gouf.
*De Jury vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022: M. Luc Weis (Präsident vum Jury), Mme Nathalie Jacoby, Mme Francine Vanolst, Mme Sandra Da Silva, M. Sébastian Thiltges, M. Luc Belling.
Den 22. Februar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, fir d’éischte Kéier den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch am Jongelycée um Lampertsbierg iwwerreecht.
Den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch ass am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerke soll. Dësen neie Präis zeechent all Joer eng Persoun, e Wëssenschaftler, en Auteur, en Editeur oder och e Museker aus, dee sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.
„Wa mir un d’Lëtzebuerger Sprooch an dat allgemengt Sproochbewosstsi an de leschte Joren denken, däerfen de Lex Roth an den Alain Atten net feelen. Allebéid setze se sech zanter Jore fir d’Lëtzebuerger Sprooch an a si hunn dozou bäigedroen, d’Sprooch ze promouvéieren, de Leit se nozebréngen, se ze erhalen an ze dokumentéieren. Béid Laureate si reegelrecht Pionéier, wann et drëms gaangen ass, fir d’Lëtzebuergescht méi visibel ze maachen“, wéi de Claude Meisch ënnerstrach huet.
Den LOD fir ënnerwee, de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och als App
Fir den Inhalt vum Dictionnaire nach méi accessibel ze maachen, gëtt et den LOD och elo als gratis App (LOD.lu), déi um Play Store vu Google an um App Store vun Apple kann erofgeluede ginn.
Intuitiven Design, erweidert Sich, Wuert-Kategorien a villes méi – elo kamoud accessibel direkt um Homescreen vum Smartphone oder vum Tablet: eng Méiglechkeet méi, fir op déi 32.000 Dictionnaires-Artikelen, 35.000 beschriwwe Sënner, 173.000 Iwwersetzungen, 54.000 Beispillssätz an 10.000 Synonymmen zouzegräifen.
Par rapport zum Site sinn d’Luedzäiten an den Affichage optimiséiert: D’Grondgerüst vum Dictionnaire ass um Apparat gespäichert an déi iwwerflësseg Elementer vum Browser falen ewech.
De linguisteschen Inhalt gëtt vun där selwechter Datebank geliwwert an ass ëmmer dee rezentsten, egal, iwwer wat fir eng Manéier – Site oder App – een drop zougräift.
Hei geet et bei d’App: Google Play Store Apple App Store
Och dëst Joer hat den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT e flotte Stand op de Walfer Bicherdeeg.
Vill Leit hate de Wee fonnt an hu sech fir deen neie Reenert, deen den Educatiounsministère, am Kader um 150.Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk, erausbruecht huet, interesséiert. Dernieft stoung den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz an déi nei Oplo, mëttlerweilen déi 5. Oplo, vun der Lëtzebuerger Orthografie, am Mëttelpunkt.
D’Ekipp ëm de Luc Marteling vum ZLS an de Luc Weis vum SCRIPT konnt sech iwwert vill Besuch freeën.
Den Educatiounsminister Claude Meisch, de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling ware leschte Méindeg, den 10. Oktober, op Besuch an der Ecole internationale de Differdange et de Esch/Alzette (EIDE), fir mat Schülerinnen a Schüler mat ville verschidde sproochleche Profiller, iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch ze diskutéieren an nei Iddien a Proposen ze sammelen, déi an den 20- Joresplang vun der Lëtzebuerger Sprooch afléisse sollen.
Andréck vun der Sproocheronn
Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch: Ënnert deem Motto gouf d’Sproocheronn mam Minister Claude Meisch, dem Commissaire Marc Barthelemy an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch op véier Owenter a véier Regioune ueschtert d’Land organiséiert. Tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022, war all Bierger invitéiert, fir sech aktiv un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen.
Am Terres-Rouges-Gebai um Belval, am Spigelsall am Lycée zu Iechternach, an der Stad am Lycée Michel Rodange an als Ofschloss zu Clierf am Lycée Edward Steichen, si vill Proposen, Iddien, Diskussiounen iwwert an ëm d’Lëtzebuerger Sprooch opkomm.
Duerfir soe mir Iech all Merci.
Eng nei Offer am Lycée Michel-Rodange vun der Rentrée 2022 un
Du interesséiers dech fir d’Lëtzebuerger Sprooch? Fir d’Literatur op Lëtzebuergesch? Fir d’Geschicht vum Land? Du kéints dir och nach virstellen, Lëtzebuergeschcoursen ze ginn? Dann huet de Lycée Michel-Rodange elo genee dat Richtegt fir dech.
Fir un dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e unzeknäppen, gëtt am Lycée Michel-Rodange eng nei Offer am Beräich vum Lëtzebuergeschen agefouert.
Sektioun A Lëtzebuergesch vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als 4. Sprooch op der Sektioun A gewielt ginn, alternativ zum Spueneschen oder Italieeneschen. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch op 3e a fënnef Stonnen op 2e a 1re.
Sektioune B, C, D, E, F a G vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als zousätzlech Sprooch gewielt ginn. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch vun 3e bis 1re. En ersetzt op 3e den Optiounscours an op 2e a 1re Däitsch oder Franséisch.
De Programm ass breetgefächert:
• Literatur
D’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an d’Méisproochegkeet vum Land hu sech entwéckelt mat der Geschicht vu Lëtzebuerg a mat der Literatur. D’Lëtzebuerger Sprooch huet vill verstoppte Pärelen an Eegenheeten, déi an de Coursen ze entdecke sinn.
• Linguistik & Orthografie
D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt beschriwwen an erkläert, hire Fonctionnement, mee och hir Roll an der Gesellschaft. Donieft kritt een am Cours déi néideg Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire vermëttelt.
30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis
Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.
Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d’Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d’Betounung, behandele se fir d’éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d’Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titel: Kuriéises an Nëtzleches.

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.
Link op d’Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen
Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).