Op der Pressekonferenz vum 9. September 2022 hunn den Här Claude Meisch, Educatiounsminister an d’Madame Maisy Gorza, Direktesch vum Institut national des langues déi nei Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren, LLO, virgestallt. Dës ass gratis online accessibel.
Eng Léierplattform fir Lëtzebuergesch weltwäit, ronderëm d’Auer, ze léieren
Ugepasst un d’Besoine vum Aarbechtsmarché, erméiglecht d’Plattform LLO d’lëtzebuergesch Sprooch interaktiv ze léieren.
LLO bitt Exercicer mat Léisungen, Aktivitéiten, online an op der Plaz, awer och aktuell Noriichten, alles am Sënn fir d’Lëtzebuergescht ze perfektionéieren.