Dir hutt eng konkreet Fro, en Uleies, eng Remark, eng Suggestioun oder wëllt einfach matdiskutéieren?  Da kënnt Dir dat gären iwwert déi aktuell dräi Sujete maachen: Lëtzebuergesch léieren.

Lëtzebuergesch léieren

Si nous voulons donner au luxembourgeois une place de choix ou plutôt le sauver de l’extinction, il faudra introduire une forme “plus ou moins contraignante” à son apprentissage. C’est à dire:
– au niveau des jeunes:
1/ renforcer l’apprentissage du luxembourgeois à l’école. Le grammaire (comme le solfège pour la musique) doit être enseigné
2/ nommer des professeurs de luxembourgeois certifiés pour enseigner la lange dans les écoles.
– au niveau des adultes:
3/ inciter les entreprises à pousser leur personnel dans l’apprentissage de la langue.
4/ conditionner la nationalité à un apprentissage certifiant du luxembourgeois
5/ standardiser, améliorer le cursus et les supports pédagogiques. A titre de témoignage, je suis les cours de luxembourgeois dans le cadre de la Ville de Luxembourg. Le passage de niveau n’est pas soumis à une évaluation. De plus, le module A2 est actuellement trop dense pour être maitrisé en 1 an. Idem pour B1. Du coup, la différence de niveau entre élèves est important et la maîtrise globale pas assurée.
La sauvegarde de la langue ne doit pas donner la priorité au nombre de personnes “ayant” suivi des cours mais plutôt à la vraie pratique quotidienne de la langue.

14.06.2022 um 14:41

Gudde Moien, ech fannen dass d´Lëtzebuergescht grad an de Schoule méi Opmierksamkeet geschenkt soll kréien. Als Schüler kann ech aus Erfarung soen, dass vill Kanner a Jugendlecher Lëtzebuergesch schwätze wei se wëllen ouni sech weider mat der sprooch ze beschäftegen oder sech ze verbesseren. Dee Fall kennt och bei Proffe vir, an doduerch hunn d´Proffen dann eng éischter negativ Wierkung op d´Sproochenentwecklung vun de Schüler. Grad am Enseignement misst d´Nationalsprooch awer perfekt beherrscht ginn, vir dem Schüler e gutt Beispill/Virbild ze sinn. (zumools bei Proffen déi Lëtzebuergesch enseignéieren).

Och am Stonneplang misst d´Lëtzebuergesch vill méi vertrueden a gefërdert ginn. ech fannen déi eng Stonn op Septième an elo och op Quatrième ass e Witz, well d´Schüler en intensive Kontakt mat der grammatesch korrekter Sprooch sollen hunn, déi se mat Sécherheet am Lëtzebuergesch Cours kréien. Vill Leit hunn sech a leschter Zäit schlecht Gewunnechten ugëeegent wei zum Beispill den iwwerdriwwene gebrauch vu ,,wou,,. Als Beispillsaz: “Dat sinn dach déi Leit, DÉI mer gëschter an der Stat gesinn hunn!” Desse Saz ass korrekt mee vill Leit fänken un den zweeten “DÉI” mat “WOU” ze ersetzen.:Dat sinn dach déi Leit, WOU mer gëschter an der Stat gesinn hunn!” Wat natierlech komplette Kabes ass a genau sou falsch Gewunnechte solle gestoppt a verbessert ginn.

Ech fannen dass et der Schoul hier Aufgab ass dem Schüler déi schlecht Gewunnechten ofzewinnen an dem Schüler eng grammatesch korrekt Uwendung unzewinnen. Dobäi däerf net nëmmen déi richteg sproochlech Uwendung mee och déi grammatesch gefërdert ginn. Obwuel Lëtzebuergesch meng Mammesprooch ass, hunn ech nachemmer Problemer mat der Grammatik, also wei verschidde Wierder geschriwwe ginn. Dess ass och bei villen anere Lëtzebuerger de Fall obwuel ech mech lo intensiv mat der Lëtzebuergescher sprooch(Grammatik) beschäftegen ass déi korrekt grammatesch Uwendung eng kleng Erausfuerderung. An dëser mickreger lëtzebuergesch-Stonn ,déi een dann op Septième a Quatrième huet ,ginn de Schüler villäicht grammatesch Reegele baibruet, mee wei schonn an engem Kommentar erwäänt ass den intensive Kontakt mat der Grammatik wichteg, an do ginn déi mickreg Stonnen net duer, zumolst net vir sech déi Grammatik anzeprägen.Ech mengen ech hu meng Iddien, vir dass d´Leit(Proffen+Schüler) an de Schoule grammatesch korrekt Lëtzebuergesch applizéieren a Schüler korrekt Lëtzebuergesch leieren, lo kloer gesot. Ech wollt als Ofschloss nëmmen nach soen dass een hei am Land d´Gefill kritt dass Lëtzebuerger Kultur a Sprooch ëmmer méi u Wichtegkeet verléieren, wat mech zimmlech fäerdeg an och rose mécht. Dofir musse mer ufänken d`Leit (déi keng Lëtzebuerger sinn) eis wonnerbar Sprooch baizebrengen an hinnen eis fantastesch Kultur méi nobréngen.

Merci vir är Opmierksamkeet an ech hoffen dass ech iergendeen mat dësem Kommentar areechen kann.

13.06.2022 um 19:20

D’Recherche iwwert Sproocheléieren, an och d’Erfarung vun der Gemeinschaft vu Polygloten a Sproochekenner um Internet, weisst, dass déi bescht an och héchstwarscheinlech déi eenzeg Manéier, fir eng Sprooch richteg ze léiere schwätzen, stännegen, interessanten Input ass, esouwuel lauschteren wéi liesen.

Alles aneres (Grammaire, vun de Schüler ze fréi verlaangen, sech an der neier Sprooch auszedrécken, asw.) ass méi oder wéineger verlueren Zäit, well een dobäi aner Kompetenzen fërdert, oder ganz einfach feelerhaft Gewunnechten opbaut.

Dee gréisste Probleem fir Lëtzebuergesch ass, dass et net genuch zougänglecht Material op Niveau A1 bis B2 gëtt, wat och fir Erwuessener interessant ass. Ab B2 ginn et vill Podcaster a Radiosender ewéi 100komma7. Lëtzebuerger Schrëftmedien esou wéi Bicher, vun denen et der souwisou net vill gëtt, sinn a menger Erfarung ze schwéier esouguer fir B2. Vun de soziale Medie mol net ze schwätzen, virun allem well déi meescht Lëtzebuerger keng Standardschreifweis a mol kee Standardvocabulaire benotzen.

Den Audio vun der Série Schwätzt Dir Lëtzebuergesch vum INL ass ee gudden Ufank, mee et bräicht een nach vill, vill méi Audio- a Videomaterial op niddregem Niveau (A1-A2) wann ee wëll dass d’Leit einfach a massiv Lëtzebuergesch léieren. E gutt Beispill dofir sinn d’Bicher “Lingua Latina Per Se Illustrata” vum Dän Hans Orberg oder YouTube Kanäler ewéi “Dreaming Spanish” vum Pablo Ramon. Zumols dat lescht Format wier warscheinlech fir den ZLS zu Lëtzebuerg net schwéier nozemaachen.

02.06.2022 um 23:26

Avoir des cours intensifs 5 jours par semaine en soirée, après 18:00. Du Lundi au Vendredi à l’INL ou online

Pouvoir étudier jusqu’au niveau C1/C2

Pouvoir étudier les niveaux les plus avancées par petits groupes si il n’a pas assez d’étudiants. Les cours sont parfois renvoyés à plus tard par les centres de formations quand il n’y pas assez d’étudiants alors que certains étudiants veulent aller aux plus hauts niveaux.

01.06.2022 um 20:41

D’E-Mailadress gëtt net affichéiert.

*

2 + 2 =