Dës Websäit benotzt Cookien, fir datt mir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ubidde kënnen. Cookieinformatioune ginn an Ärem Browser gespäichert an hunn ë. a. follgend Funktiounen: Se erkennen Iech, wann Dir nees op eis Websäit zréckkommt an se hëllefen eisem Team ze verstoen, wéi eng Sektioune vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.
Dir hutt eng konkreet Fro, en Uleies, eng Remark, eng Suggestioun oder wëllt einfach matdiskutéieren? Da kënnt Dir dat gären iwwert déi aktuell dräi Sujete maachen: Lëtzebuergesch am Alldag
Ech hu vill ze dinn mat Leit déi Lëtzebuergesch Kueren beluegt hunn.
Et ass esou wéi hei schon een et beschriwwen huet. Wann se 3 Joer cours hannert sech hunn, kënnen se d’Sprooch net praktizéieren a si verléieren esou dat wat se mat vill Méi geléiert hunn.
Langue véhiculaire ass Franséisch an Enghlesch.
Ech fannen déi Idee dofir flott vun de Sproochecaféen.
Ech ville mech meeschtens wéi en Auslänner a méngem Land. Ech wunnen an der Haaptstadt.
Gudde Moien
Ech gesin a mengem Beruff vill Gruppe Kanner. An de privaten Crèchen ass de Gros vum Personal an d Kanner francophone. Dei Kanner léiere kee letzeburgesch mei, an an der Schoul schwätzen se weider ennert sech just franséisch. Si heieren létze. just am Cours an dei Erwuesen tendéieren vill dozou och do franséisch ze schwätzen well daat oft (optmannst a de Klassen an der Staat a Süden) vu mei Kanner verstaane gett. Resultat ass dass vill Kanner guer net wirklech létz léieren. Ech gesin dass et net mei sou ass wei soss wou d Kanner um Enn vun der Grondschoul létz. konnten.Si si net mei genuch am Alldag domat a Kontakt fir et wirklech ze festegen an soubaal aus der Schoul eraus sin se jo souwiesou oft gur net mei domat a Kontakt. Ech hun dErfarung gemaach dass vill Jugendlecher dei an enger letz. Primärschoul waren herno mol gur net mei ugin létz kennen ze schwätzen well se et verléiert hun durch ze weineg Gewunnegt et ze schwätzen. Jo et gi vill Erwuesener dei létzCouren besichen, mee ass daat net just fir kennen Fonctionnaire ze gin oder et kennen an de de CV ze schreiwen. An der Realitéit gett et awer herno guer net praktizéiert och well mir Létz direkt iwerrall franséisch schwätzen an oft net vill Wert op eis Sprooch leen. Mercii
Gudde Moien
Vill Leit dei létzeburgesch leieren oder wëlle leieren ziele mir dass se weineg Gelegenheet hun et ze schwätzen, well mir all d Gewunnecht hun direkt a Butteker oder wann een enzwousch urifft franseisch ze schwätzen. Ech fannen et wichteg dass een d eischt mat létzeburgesch ufänkt fir dass deen aaneren et ka leieren an iwerhaabt mol sou ze signaliseieren dass ee normalerweis letz. giff schwätzen. Well et sin och vill Ausländer dei mengen et wär net neideg létz. ze leieren well souwiesou jideree franséisch schwätzt. Mercii
Et ginn eng sëllechen Bus-arrêten uechter d’Land, déi “Kierch” oder “bei der Kierch” heeschen. Leider fënnt een oft “Kiirch” oder bei der “Kiirch” geschriwen. Wéi kann een dat besser an de Grëff kréien?
Gudde Mëtteg,
Wann ech schonn d’Méiglechkeet kréie fir eng perséinlech Meenung ze äusseren, da lass!
Ech fannen et einfach schrecklech, wéi d’Verb “werden” mëssbraucht gëtt fir de Future auszedrécken! Sou wäit ech weess, dréckt “werden” en Doute aus a keng Zukunft. Da lauschtert dach de Radio oder d’Televisioun an dann zielt mol wéi vill Mol “werd” gebraucht gëtt, ob dat vu Politiker oder vu Journalisten! Kann da kee vun iech, déi verantwortlech si fir eis Sprooch, dat ënnerbannen, mol an deene verschiddenen Redaktiounen dorop opmierksam maachen? Oder ass dat egal, ass dat déi lieweg Verännerung vun eiser Sprooch? Wéi ginn d’Auslänner domat ëm, eng Reegel an der Grammatik ze léieren, an da just de Contraire an de Medien héieren?
Dat ass en Thema, dat mech richteg opreegt. Ech wär frou eppes doriwwer vun Iech ze héieren.
Mat léiwe Gréiss
Gudde Moien,
ech fannen dat ee ganz pertinente Constat. Ech si choquéiert datt sou vill Leit déi Confusioun mam Futur maachen an et mécht dacks d’Apprenanten duercherneen. Onbedéngt am LOD dat riichtstellen, w.e.g.
D’lëtzbuergescht Verb “wäerten” gëtt zwar normalerweis, anescht wéi dat däitscht “werden”, gebraucht fir eng Méiglechkeet oder en Doute iwwert d’Zukunft auszedrécken. Esou steet et och am LOD. Mee dat ass net ëmmer de Fall.
Vun aalst hier fënnt een op Lëtzebuergesch Säz esou wéi “Ech wäerd e bréngen, Här Kinnek, zielt duerop.” Dat seet de Bier zum Kinnék am Rodange sengem Renert . Natierlech gëtt et ëmmer Ongewëssheet iwwert d’Zukunft, mee et ass an deem Fall sech schwéier virzestellen, dass een als Äntwert op e Befeel vum Kinnék wëll en Doute oder och nëmmen eng Hoffnung wëll ausdrécken, ob een elo wierklech dat mécht wat ee gefrot gouf.