Dir hutt eng konkreet Fro, en Uleies, eng Remark, eng Suggestioun oder wëllt einfach matdiskutéieren?  Da kënnt Dir dat gären iwwert déi aktuell dräi Sujete maachen: Lëtzebuergesch am Alldag

Lëtzebuergesch am Alldag

Liebe ehemalige Landsleute,
bitte nehmt es mir nicht übel, dass ich mich der deutschen Sprache bediene. Ich bin zwar in Luxb. eingeschult worden, (1961), bis zum Lycée téchnique des Arts et Métiers, L./ Limpertsberg und habe von meinem 5. – 17.ten Lebensjahr, im Alltag, ausschließlich Luxemburgisch gesprochen, (Vater Deutscher, Mutter Luxemburgerin, 1960 von Trier nach L. gezogen). Aber schon damals spielte luxbg. im Schulalltag absolut keine Rolle. Der Unterricht fand ausschließlich auf deutsch und französisch statt. Luxemburgische Orthographie war kein Thema – nie! In all den Jahren wurde keine Sekunde luxemburgisch unterrichtet.
Mit 18 musste ich nach Deutschland zurück und bin hier hängen geblieben, das Resultat: Ich bin kaum noch in der Lage ein, zwei zusammenhängende Sätze auf lux. zu äußern.
Heute, im Ruhestand, finde ich das sehr schade; jetzt da wir die Zeit haben, besuchen meine Frau und ich L. so oft es geht. Wir würden uns gerne nach L. ziehen. Aber dieses L. ist nicht das L. meiner Kindheit. Die Lebenshaltungskosten sind im Vergleich zu D. astronomisch, wir würden zu Bittstellern.
Trotzdem bin ich bemüht die Sprache meiner Kindheit wieder zu erlernen.
Eure auf lux. verfassten Kommentare kann ich zwar, bis auf einige Worte versteh’n, muss mich aber der Mehrheit anschließen, kaum jemand, der in L. noch luxbg. spricht. Mit fr. und d. kommt man besser durch. Ich befürchte, dass in wenigen Jahrzehnten, trotz aller Bemühungen, die Sprache Karls des Großen ausgestorben sein wird.
Ich reaktiviere meine Sprachkenntnisse aus nostalgischen Gründen, ein bißchen Wehmut spielt sicherlich auch mit rein. Und ich habe sowohl die Zeit als auch Muße u. das nötige Interesse dazu.
Aber damit stehe ich leider ziemlich allein auf weiter Flur.
Äddi und antwortet, falls, gerne auf luxbg., mache gute Fortschritte.

29.04.2023 um 21:46

Gudden Mëtteg, ech schaffen bei der ASTI am Projet “Pratique Langues en Ligne”.
Do hun Persounen dei an engem Sproochecours sin oder waren Geléegenhéet Conversatioun ze maachen op Lëtzebuergesch, Deitsch, Franséich oder Englesch. Et as kéen Sproochencours. Keng Grammaire, Orthograpfie, Vocabulaire etc… Fir déel ze huelen als Apprenant muss éen an den Sproochen den A1 gemaach hun.
Eemool an der Woch huet den Apprenant Geleegenhéet fir eng Stonn matt engem Bénévole Conversatioun ze maachen. Et as éen Projet déen ganz vill an Usproch geholl gett.
All néeien Bénévole fir lëtzebuergesch ze schwätzen as wëllkom.
Léif Gréiss
Pascal

08.07.2022 um 12:14

N’Owend. Ech hun dese Bericht fortgeschéckt an op déi Art a Weis äre Forum kennegeléiert:
Ech hun elo grad dese Site fond op der Sich nom LOD déi nai Versioun.
Wat mech perséinlech stéiert as folgenden Emstand:
De Letzebuerger Steierzueler héiert eenzeg an aleng engleschsprocheg Musik souwuel um 100Komma7 wéi op RTL: an dobäi steet jo awer den L am Numm fir eppes konkretes.
Speziell fir eisen Nationalfeierdag hun déi zwé Sender net vill letzebuergesches virzebréngen. Wann ech bedenken wou all di Aufnahme aus der Villa Louvigny verschwonne sin? Mär hun esouvill schéines an eisem Repertoire opzeweisen.
Wuerfir kent keen op déi Iddi an eis Kultur erem iwwer d‘Antenne laafen ze loossen?
Wann d‘Sproch ze héieren as get et fir d‘Schüler vu letzebuergesch ze léieren och villes méi einfach d‘Aussproch emol ze héieren.
Eis Künstler am Gesang wéi Theater sollen enerstezt gin an net di Auslännesch mat eise Souen.
Ech géng mech rieseg fréen emol mat ze diskutéieren.
Di Eeler hun Zäit fir Radio ze lauschteren während di Jong an der Schoul sin oder scho schaffen.
Wann ech am Auto setzen lauschteren ech neme letzebuergesches iwwer den USB Stick a wann ech den Text kennen sangen ech mat. Nemen esou bleiwen d‘Stécker erhalen. Emmer an emmer erem widerhuelen.
Bis dann eng Kéier hoffentlech.

27.06.2022 um 18:26

Ech hätt zwou Remarken fir Lëtzebuergesch am Alldaag.

Eischtens muss een sech bewosst sinn dat et am Lëtzebuergeschen selwer vill Diversitéit gëtt an fir dat déi erhale gëtt muss een Effort gemaach ginn fir doropshin ze weisen datt d’Schreifweis nëmmen een Outil ass.

Wann ech “hekt” a Plaz oder “maar” a Plaz vu muer soen schwätzen ech kee falscht Lëtzebuergesch.

Ech hu grad ugefaangen a sozial reinsertioun Zenteren an fir gréisser entreprisen Lëtzebuergesch Coursen ze ginn an een vun de Problemer mat eiser Orthographie ass datt ugeholl gëtt dat jidfereen eng Basis am Däitschen oder am Franséischen huet an ee Wuert wéi “Coiffeur” wäert verstoen. Zweetens et muss een de Leit erklären déi kee Franséich schwätzen datt bei “Clienten” den “t” net ausgeschwat gëtt well et aus enger Sprooch kënnt déi si net kennen mee ijendswéi mussen se d’Etymologie kennen fir kënnen richteg ze schreiwen.

Orthographiesreegelen vun engem Daag op deen aneren z’imposéieren huet ni richteg fonctionnéiert an et misst ee vläicht drun denken z’akzetpéieren dat eis Sprooch esou geschriwwe gëtt wéi se geschwat gëtt an datt d’Ausprooch vun de Buchstawen eng gréisser Wichtegkeet huet.

Zweetens muss een e gemeinsamt Zil hunn, mir kënnen keng Regierung hunn déi op eemol décidéiert datt Englësch néidesch ass als Kommunikatiounssprooch well et méi international ass, an deem Fall wieren Amsterdam an Paräis och keng international Stied. Wat ee méi mat Lëtzebuergesch a Kontakt kënnt wat ee méi Loscht huet et ze léieren.

Mir mussen eis adaptéieren an akzeptéieren datt d’Schwätzeléieren eng Prioritéit ass. An eis Strategien fir de Leit Lëtzebuergesch ze léieren adaptéieren.

17.06.2022 um 12:27

kleng Feeler am leschte Paragraph *Mir mussen akzeptéieren datt d’Schwätzeléieren eng Prioritéit ass. An eis Strategien fir de Leit Lëtzebuergesch bäizebréngen adaptéieren.

17.06.2022 um 12:29

Moien,
Als Enseignant an als Awunner vun der Stad muss ech besuergt feststellen, dass mer amgaang sinn eis Dräisproochegkeet ze verléieren. Schoulech gesinn sinn d’Resultater grad an den enneschte Klasse vum Lycée (classique) katatrophal (Halschent vun der Klass ongenügend, e gudden Deel versteet Däitsch als Unterrechtssprooch knapps an d’Emgangssprooch Letzebuergesch ass och plazeweis just nach fragmentaresch ze verstoen). D’Ursaach läit bei der Tatsaach, dass elo Eltere massiv Drock maache wann et drems geet an de Classique ze kommen, obwuel d’Kompetenze net dosinn. D’Léierpersonal well sech keng Problemer siche goen an di Kommissioun di tranchéiere soll entscheed zu 90% fir d’Elteren. Virun ee puer Joer ware ronn 30-35% vun de Schüler am Classique, elo ass et ronn d’Halschent mat sou groussen Defizitten, dass di sproochlech Produktiounen net mi ze verstoe sinn. Als Enseignant an engem Haaptstadlycée sinn di Entwéckelungen em sou mi frappant wann een elo nach außerhalb vum Schoulgebai kuckt, wi eis Stad sech entwéckelt. Offensichtlech ouni statistesch Date mee mat vill Beobachtung kann ee feststellen, dass mer en enormen Zouwuess vu franséischsproochege Leit an deene leschte Joere kritt hunn am Géigesaatz zu allen anere Nationalitéiten. Dat huet natierlech en Impakt op eis Schoulbevölkerung an op eis Stärkten a Schwächten. De géigewärtege System ass awer net op di Sproochefamill ausgeluecht, wat een un den uewe genannte Konsequenze gutt ka gesinn.

Net dass de Problem mol net addresséiert gett, et geet elo och nach an di falsch Richtung andeems mer Crèchen op Franséisch förderen an elo wellen op Franséisch alphabetiséieren anstatt verstärkt an d’Richtung vun deene Sproochen ze goen di defizitär sinn, nämlech Letzebuergesch, Däitsch an mat Aschränkungen och Englesch.

Dass di nei Europaschoulen dee Problem solle behiewen schéngt op den éischte Bléck eng gudd Idee, mee an den traditionelle Schoule bleiwt de Problem. Hei mussen onbedéngt nei Moossname getraff gi wi zum Beispiel den Ausbau vun ALLET-Klassen oder ganz Filière vun Klassen, di sproochlech Aschränkungen hunn.

13.06.2022 um 17:06

Dat géif ech och ganz wichteg fannen! Ech wënsche mir, dat meng Kanner fir d’éischt hir Mammensprooch Lëtzebuergesch an der Schoul léieren an dono réischt all aaner Sproochen als Friemsprooch. Et ass vill wäert, proper Franséisch an Englesch ze schwätzen, mä net méi graad esou vill, wann en seng Mammensprooch net richteg geléiert hutt.

13.06.2022 um 23:07

Hannerlooss eng Äntwert fir Phil Sosoe Äntwert annuléieren

D’E-Mailadress gëtt net affichéiert.

*

4 + 10 =