Bachelor Lëtzebuerger Linguistik a Literatur

Aschreiwung bis de 25. Juli: Bachelor Lëtzebuerger Linguistik a Literatur

Dir interesséiert Iech fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Linguistik a Literatur? Dëse Studiegang ass eng vun den disziplinäre Spezialisatioune vum Programm “Bachelor en Cultures Européennes” a gouf am Wantersemester 2022 agefouert. Spezifesch fir de Studiegang ass e sprooch- a literaturdidaktesche Volet souwéi Stagen am Enseignement an/oder a kulturellen Institutiounen. Déi regulär Studienzäit ass 6 Semester mat engem obligatoreschen Auslandssemester am 5. Semester. Viraussetzung fir de Studium an der Luxemburgistik sinn eng exzellent Maîtrise vum Lëtzebuergeschen (C1) a gutt Sproochkenntnisser am Däitschen, am Franséischen an am Engleschen (B2).

Bis de 25. Juli kënnt Dir Iech fir de Bachelor en Cultures Européennes – Lëtzebuerger Linguistik a Literatur aschreiwen. Ären Dossier muss da virum 1. August eropgeluede ginn. Äntwerte gëtt et ëmmer um Enn vum Mount.

Zwou Doktorandeplazen

Zwou Doktorandeplazen: Sproochentwécklungstest fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer

 

De Luxembourg Centre for Educational Testing, kuerz LUCET, vun der Universitéit Lëtzebuerg sicht zwee Doktoranden, fir e lëtzebuergesche Sproochentwécklungstest fir Kanner tëschent 4 a 6 Joer ze entwéckelen. Hei fannt Dir d’Job-Offeren op Englesch:

Rekrutement A / Rekrutement B 

Weider Informatioune gëtt et beim Sonja Ugen.

Presentatioun vum „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“

Den Här Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, an den Här Jean Ensch, President vun der Section de Linguistique, d’Ethnologie et d’Onomastique vum Institut grand-ducal, haten häerzlech op d’Virstellung vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 a Presenz vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit e Méindeg, den 19. Juni ëm 18 Auer am Forum Geesseknäppchen, invitéiert.

De Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit ass dunn offiziell presentéiert ginn.

D’Christiane Kremer huet duerch den Owend geféiert, dee vum Duo Orphée (Geneviève Conter, Harf, an Etienne Plasman, Flütt) musekalesch encadréiert a mat engem gemittleche Patt ofgeschloss gouf.

640 Säiten am A3-Format, 568 grouss Dialektkaarte mat Informatiounen doriwwer, wéi an den 1960er- an 1970er-Joren zu Lëtzebuerg geschwat gouf an zum Deel nach bis haut geschwat gëtt: De Sproochatlas vum Alain Atten a vum Claude Schmit huet et a sech. Gutt zwee Joer gouf dru geschafft, elo ass et endlech esou wäit.

Déi ganz Presentatioun vum Lëtzebuerger Sproochatlas 1900 gouf gefilmt. De Link fannt Dir méi erof.

D’Fotoe si vum Sophie Margue a Steve Muller.

D’Lëtzebuerger Sprooch an der neier Constitutioun

Constitutioun

Den 1. Juli 2023 trëtt eng moderniséiert a nei strukturéiert Constitutioun fir Lëtzebuerg a Kraaft. Déi aktuell Constitutioun, ursprénglech vun 1868, ass opgefrëscht an un déi haiteg Zäit ugepasst ginn. Déi al Constitutioun huet näischt iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg gesot.

De Verfassungstext ass, ewéi all Gesetzestexter zu Lëtzebuerg, op Franséisch. E gouf vun der Universitéit Lëtzebuerg op Lëtzebuergesch an op Däitsch iwwersat, ma déi franséischsproocheg Versioun ass déi, déi leschten Enns gëllt.

Dir fannt déi dräi Texter ënnert:

https://www.chd.lu/sites/default/files/2023-04/Constitution_en 3 langues.pdf

an de consolidéierten Text ënnert:

https://legilux.public.lu/eli/etat/leg/constitution/1868/10/17/n1/consolide/20230701

De 24 Februar 1984 gouf Lëtzebuergesch iwwer d’Sproochegesetz als Langue nationale des Luxembourgeois definéiert.

Elo ass d’Lëtzebuerger Sprooch fir déi éischte Kéier an der Constitutioun verankert.

Am Artikel 4 steet dat heiten:

“ Chapitre Ier. De L’État, de son territoire et de ses habitants
Section 1 re . – De l’État, de sa forme politique et de la souveraineté

[…]

Art. 4.
(1) La langue du Grand-Duché de Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemand.
[…] “

D’Iwwersetzung vun deem Text op Lëtzebuergesch:

“Kapitel I. ­ De Staat, säin Territoire a seng Awunner ënnert

Sektioun 1. – De Staat, seng politesch Form an d’Souveränitéit:

[…]

Art. 4.
(1) D’Sprooch vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg ass Lëtzebuergesch. D’Gesetz reegelt d’Benotzung vun der lëtzebuergescher, der franséischer an der däitscher Sprooch.
[…] “

Am Commentaire des articles , (Document parlementaire 7700), gëtt et heizou dës Bemierkungen:

[…]

“Article 4
A l’instar d’autres Constitutions européennes, l’article 4 évoque les symboles de l’État qui sont la
langue, l’emblème national, les armoiries et l’hymne national.
En ce qui concerne le régime linguistique, la formulation inclusive et la suppression de toute réfé-
rence aux matières visent à garder une certaine flexibilité dans la réglementation de l’emploi des
langues luxembourgeoise, française et allemande par voie législative.
La graphie de « Ons Hémecht » est adaptée à celle figurant dans la loi du 27 juillet 1993 modifiant
et complétant la loi du 23 juin 1972 sur les emblèmes nationaux, à savoir « Ons Heemecht ». “

Präisiwwerreechung vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022

De 25. Februar 2023 war déi offiziell Präisiwwerreechung vum 1. nationale Kanner-a Jugendliteraturpräis am Kader vun der D’YEP-Schoulfoire.

Dëse Literaturpräis, deen ab 2022 all Joer vum SCRIPT organiséiert gëtt, ass Deel vun de villen Initiativen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch an der Grondschoul an am Lycée fërdere sollen. An deem Sënn sinn Texter ausgezeechent ginn, déi an educatiounsrelevante Kontexter genotzt kënne ginn.

No enger Aféierung iwwert d’Wichtegkeet vun dësem nei kreéierte Präis vum Präsident vum Jury*, dem Här Luc Weis, goufen d’Gewënner vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022 ausgezeechent.

De Gewënner vum Kanner-a Jugendliteraturpräis ass de Jhemp Hoscheit mat sengem Text “Kéipercher”. D’Laudatio fir de Jhemp Hoscheit gouf vum Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, den Här Pierre Reding gehalen.

Donieft goufe vum Jury dräi Texter zeréckbehalen, déi a Publikatioune vum SCRIPT iwwerholl wäerte ginn, ënner anerem am Reader fir de Lëtzebuergeschcours vun der 4ième.

Dëst sinn:

  • „Gespréicher iwwert de Luca“ vum Jhemp Hoscheit,
  • „Karamëll“ vum Claudine Muno; den Här Marc Barthelemy, Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch bis 2002, huet dem Public dësen Text presentéiert,
  • „Den Ufank“ vum Fabienne Faust, dee vum Luc Belling aus dem SCRIPT virgestallt gouf.

 

*De Jury vum Kanner- a Jugendliteraturpräis 2022: M. Luc Weis (Präsident vum Jury), Mme Nathalie Jacoby, Mme Francine Vanolst, Mme Sandra Da Silva, M. Sébastian Thiltges, M. Luc Belling.