Colloque Reenert

Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem Reenert a vun de Walfer Bicherdeeg, hat de SCRIPT zesumme mam ZLS an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque Reenert, freides, den 18. November 2022 vu 14.00 bis 18.00 Auer, organiséiert.

Den Educatiounsministère huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem Reenert, erausbruecht. Dëst Wierk, dat als Nationalepos vum Lëtzebuergesche gëllt, koum 1872 eraus, also viru genee 150 Joer.

Eng ganz Rei Experten hunn déi verschidde Facettë vum satiresche Meeschterwierk beliicht. Et koumen Experten zu Wuert, déi op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun agaange sinn.

Hei nach eng Kéier de Programm vum Reenert-Colloque:

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt

De Colloque gouf och live iwwerdroen op rtl.lu.

Walfer Bicherdeeg

Och dëst Joer hat den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT e flotte Stand op de Walfer Bicherdeeg.

Vill Leit hate de Wee fonnt an hu sech fir deen neie Reenert, deen den Educatiounsministère, am Kader um 150.Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk, erausbruecht huet,  interesséiert. Dernieft stoung den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz an déi nei Oplo, mëttlerweilen déi 5. Oplo, vun der Lëtzebuerger Orthografie, am Mëttelpunkt.

D’Ekipp ëm de Luc Marteling vum ZLS an de Luc Weis vum SCRIPT konnt sech iwwert vill Besuch freeën.

Sproocheronn am EIDE zu Déifferdeng

Den Educatiounsminister Claude Meisch, de Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy an den Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Luc Marteling ware leschte Méindeg, den 10. Oktober, op Besuch an der Ecole internationale de Differdange et de Esch/Alzette (EIDE), fir mat Schülerinnen a Schüler mat ville verschidde sproochleche Profiller, iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch ze diskutéieren an nei  Iddien a Proposen ze sammelen, déi an den 20- Joresplang vun der Lëtzebuerger Sprooch afléisse sollen.

 

LLO.LU – Déi nei Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren

Entdeckt déi nei digital Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren – gratis, iwwerall an zu all Moment.

Op der Pressekonferenz vum 9. September 2022 hunn den Här Claude Meisch, Educatiounsminister an d’Madame  Maisy Gorza, Direktesch vum Institut national des langues déi nei Plattform fir Lëtzebuergesch ze léieren, LLO, virgestallt. Dës ass gratis online accessibel.

Eng Léierplattform fir Lëtzebuergesch weltwäit, ronderëm d’Auer, ze léieren

Ugepasst un d’Besoine vum Aarbechtsmarché, erméiglecht d’Plattform LLO d’lëtzebuergesch Sprooch interaktiv ze léieren.

LLO bitt Exercicer mat Léisungen, Aktivitéiten, online an op der Plaz, awer och aktuell Noriichten, alles am Sënn fir d’Lëtzebuergescht ze perfektionéieren.

Sproocheronn 2022

Andréck vun der Sproocheronn

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch: Ënnert deem Motto gouf d’Sproocheronn mam Minister Claude Meisch, dem Commissaire Marc Barthelemy an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch op véier Owenter a véier Regioune ueschtert d’Land organiséiert. Tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022, war all Bierger  invitéiert, fir sech aktiv un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen.

Am Terres-Rouges-Gebai um Belval, am Spigelsall am Lycée zu Iechternach, an der Stad am Lycée Michel Rodange an als Ofschloss zu Clierf am Lycée Edward Steichen, si vill Proposen, Iddien, Diskussiounen  iwwert an ëm d’Lëtzebuerger Sprooch opkomm.

Duerfir soe mir Iech all Merci.

 

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch

Invitatioun op d’Sproocheronn 2022 op 4 Plazen am Land

Den Educatiounsminister mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ginn op den Tour, fir den zoukënftegen 20-Jores-Plang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergesche mat de Bierger ze diskutéieren.

Background: D’Regierung huet 2017 eng Strategie fir d’Promotioun an d’Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl mat engem Plang mat 40 konkreete Moossnamen. En Haaptpunkt war d’Ausschaffe vun engem 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir deen de Commissaire responsabel ass. D’Sproocheronn erlaabt elo, datt d’Bierger un der Ausaarbechtung vum 20-Joresplang bedeelegt ginn.

Sproocheronn 2022: Am Juni 2022 si véier Owender mam Minister, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an de véier verschidde Regiounen uechter d’Land geplangt.

D’Datumer vun der Sproocheronn sinn déi heiten, allkéiers um 19 Auer:

  • 7. Juni: Terres-Rouges-Gebai um Belval, 14, Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette
  • 9. Juni: Lycée classique Iechternach, 1, rue du Pont L-6471 Echternach
  • 14. Juni: Lycée Michel Rodange an der Stad, 30, bd. Pierre Dupong Campus Geesseknäppchen L-1430 Luxembourg
  • 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf, 1, rue Edward Steichen L-9707 Clervaux

All Owend geet u mat enger Aféierung iwwer d’Strategie vun 2018 an doriwwer, wéi wäit déi Mesuren ëmgesat sinn. Da sinn Diskussiounen an dräi Workshoppen iwwert dës Theemen:

  1. Lëtzebuergesch léieren
  2. Lëtzebuergesch am Alldag
  3. Lëtzebuergesch am 21. Joerhonnert

Dono gëtt zesumme gekuckt, wat dobäi erauskomm ass,  an et gëtt e Patt offréiert.

Jiddereen ass wëllkomm an et brauch ee sech net am Viraus unzemellen.

Et ass parallel och méiglech, iwwert den Online Forum op dësem Site matzemaachen.