Dës Websäit benotzt Cookien, fir datt mir Iech déi beschtméiglech Benotzererfarung ubidde kënnen. Cookieinformatioune ginn an Ärem Browser gespäichert an hunn ë. a. follgend Funktiounen: Se erkennen Iech, wann Dir nees op eis Websäit zréckkommt an se hëllefen eisem Team ze verstoen, wéi eng Sektioune vun der Websäit Dir am interessantsten an nëtzlechste fannt.
“D’Lëtzebuerger Sprooch(en)” an der Belle-Etoile
Vum 12. bis den 22. Juli 2023 kann een d’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ an der Neier Galerie vum Shopping-Zenter Belle Etoile entdecken. Dës mobil Ausstellung vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.
Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. Op där enger Säit bezitt den Titel sech natierlech op d’Lëtzebuergescht a seng Entwécklung. D’Ausstellung beschäftegt sech mat de Varietéiten, déi et am Lëtzebuergesche gëtt. Op där anerer Säit gëtt d’Méisproochegkeet, déi Lëtzebuerg ausmécht, thematiséiert. Och si ass en integrale Bestanddeel vum sproochlechen Ëmfeld, an deem sech d’Lëtzebuergescht beweegt an evoluéiert. Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen. An der Belle Etoile ass d’Ekipp vum ZLS all Dag vun 10 bis 19 Auer op der Plaz, fir Visiteuren duerch d’Ausstellung ze féieren. |
Reynard the Fox
Entdeckt de Reenert zweesproocheg, op Englesch vum Jeff Thill iwwersat, an op Lëtzebuergesch an der aktueller Schreifweis.
Reynard the Fox, the English version of the Luxemburgish epic of Reenert, written by Michel Rodange and first published in 1872, translated by Jeff Thill in 2022.
Walfer Bicherdeeg
Och dëst Joer hat den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT e flotte Stand op de Walfer Bicherdeeg.
Vill Leit hate de Wee fonnt an hu sech fir deen neie Reenert, deen den Educatiounsministère, am Kader um 150.Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk, erausbruecht huet, interesséiert. Dernieft stoung den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz an déi nei Oplo, mëttlerweilen déi 5. Oplo, vun der Lëtzebuerger Orthografie, am Mëttelpunkt.
D’Ekipp ëm de Luc Marteling vum ZLS an de Luc Weis vum SCRIPT konnt sech iwwert vill Besuch freeën.