Colloque Reenert

Am Kader vum 150ten Anniversaire vum Michel Rodange sengem Reenert a vun de Walfer Bicherdeeg, hat de SCRIPT zesumme mam ZLS an Zesummenaarbecht mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, de Colloque Reenert, freides, den 18. November 2022 vu 14.00 bis 18.00 Auer, organiséiert.

Den Educatiounsministère huet eng nei kommentéiert Schouleditioun vum Michel Rodange sengem Reenert, erausbruecht. Dëst Wierk, dat als Nationalepos vum Lëtzebuergesche gëllt, koum 1872 eraus, also viru genee 150 Joer.

Eng ganz Rei Experten hunn déi verschidde Facettë vum satiresche Meeschterwierk beliicht. Et koumen Experten zu Wuert, déi op d’Biografie vum Michel Rodange, den historeschen Hannergrond vum Reenert, de Reenert am Zweete Weltkrich, de Vocabulaire vum Eepos, déi englesch Iwwersetzung dovun an op d’Illustratioun vun der neier Editioun agaange sinn.

Hei nach eng Kéier de Programm vum Reenert-Colloque:

14:00 Auer: Begréissung duerch den Educatiounsminister Claude Meisch an de Buergermeeschter vu Walfer François Sauber
14:10 Auer: Aféierung: De Romain Kohn, Coordinateur vum Reenert-Projet, situéiert de Reenert an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht
14:30 Auer: Biografie vum Michel Rodange – Jean-Luc Schleich, Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Waldbëlleg, der Heemechtsgemeng vum Michel Rodange
15:05 Auer: Den historesche Background vum Reenert – Mohamed Hamdi, Historiker
15:40 Auer: D’Illustratiounen am neie Reenert – Mia Kinsch, Graphic Designer
16:15 Auer: De Vocabulaire am Reenert – Sam Mersch, Sproochhistoriker am ZLS
16:50 Auer: De Reenert am Zweete Weltkrich, bei Léon Moulin a Francis Steffen – Siggy Helbach, Luxemburgist
17:25 Auer: D’Iwwersetzung vum Reenert op Englesch – Jeff Thill, Auteur vun der Iwwersetzung
18:00 Auer: Ofschloss a Patt

De Colloque gouf och live iwwerdroen op rtl.lu.

Walfer Bicherdeeg

Och dëst Joer hat den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam SCRIPT e flotte Stand op de Walfer Bicherdeeg.

Vill Leit hate de Wee fonnt an hu sech fir deen neie Reenert, deen den Educatiounsministère, am Kader um 150.Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk, erausbruecht huet,  interesséiert. Dernieft stoung den neie Band vum Lëtzebuerger Wuertschatz an déi nei Oplo, mëttlerweilen déi 5. Oplo, vun der Lëtzebuerger Orthografie, am Mëttelpunkt.

D’Ekipp ëm de Luc Marteling vum ZLS an de Luc Weis vum SCRIPT konnt sech iwwert vill Besuch freeën.

Presentatioun vum neien LOD

E Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer war am Forum Geesseknäppchen d’Presentatioun vum neien LOD

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch an den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn e Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer am Forum Geesseknäppchen de fuschneie Lëtzebuerger Online Dictionnaire presentéiert. Den LOD huet en intuitiven Design, erweidert Sichméiglechkeeten an eng praktesch API, fir datt jidderee beschtméiglech mat den LOD-Date ka schaffen.

 

D’Lëtzebuerger Orthografie per Video

30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis

Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d’Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d’Betounung, behandele se fir d’éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d’Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titel: Kuriéises an Nëtzleches.

 

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.

Link op d’Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen

Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).

„Eis Sprooch richteg schreiwen“

Am Kader vun der completéierter Orthografie vum November 2019 huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch dem Josy Braun säin Orthografie-Klassiker „Eis Sprooch richteg schreiwen“ nei erausbruecht – als Léierwierk bei d’Reegelwierk.

Josy Braun: Eis Sprooch richteg schreiwen. ISBN 978-99959-1-132-4, 136 Säiten, 15 Euro