Expo an Table ronde zu Wuermer mam Alain Atten

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass zu Wuermer am Centre culturel vum 30. November un an nach bis den 3. Dezember tëscht 16 an 19 Auer op fir de Grand public (um 17 Auer gëtt et zousätzlech jeeweils eng Visite guidée).

Den 30.11. um 19 Auer ass eng Table ronde iwwer d’Dialekter zu Wormer an an der Ëmgéigend mat ënner anerem dem Alain Atten.

Net just Gegrimmels

       Lex Roth
Lex Roth Foto: Roger Muller, © Collection CNL

 

 

90 Joer krut en am Juni an och am héijen Alter hält de Lex Roth d’Sprooch an Éieren: All Mount laut en eng Klack fir se, viru Kuerzem huet e Gegrimmels a Schnoken am Takt erausbruecht an nodeems en ewell dem Asterix an dem Jean de La Fontaine Lëtzebuergesch bäibruecht hat, huet en an der Pandemie dem Camus säi Friemen a seng Pescht iwwersat.

 

Am CNL ënnerhält sech de Luc Marteling, Direkter vum ZLS, mam äerdege Sproochaktivist, deen aus senge Wierker an Iwwersetzunge liest.

Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg

Ablécker an déi aktuell Fuerschung vum Institut fir Luxemburgistik

organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg.

D’Fuerscher an d’Fuerscherinnen kënnt Dir an de CAPE op Ettelbréck lauschtere goen. Vun Oktober 2023 bis Juni 2024 ass de Rendez-vous ëmmer méindes owes um 19:00. Tickete ginn et per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess.

Hei déi eenzel Datumer mat de jeeweilegen Diskussiounssujete:

  • Méindeg, 16. Oktober 2023
    Fernand Fehlen: Zweesproocheg, dräisproocheg … wie bitt méi?
  • Méindeg, 06. November 2023
    Christoph Purschke: Diskurs-Figuren: Wéi Politik an Ëffentlechkeet iwwer Sprooch schwätzen
  • Méindeg, 27. November 2023
    Caroline Döhmer: Wéi schreift een eng aktuell Lëtzebuerger Grammaire?
  • Méindeg, 18 Dezember 2023
    Peter Gilles: De Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen
  • Méindeg, 15. Januar 2024
    Melissa Mujkić: Digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 26. Februar 2024
    Cosimo D. Suglia: David a Goliath: Kleng Weltliteratur Lëtzebuerg?
  • Méindeg, 25. Mäerz 2024
    Lou Pepin: Sproochastellunge vu Grenzgänger*innen zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 22. Abrëll 2024
    Melanie Wagner: Sproochpolitik zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 13. Mee 2024
    Jacques Spedener: Code-Switching am Lëtzebuergeschen
  • Méindeg, 10. Juni 202
    Jeanne E. Glesener: Lëtzebuerger Literatur am ëffentleche Raum
  • Hei de komplette Programm: Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg.

Wanderausstellung “D’Lëtzebuerger Sprooch(en)”

Vum 29. September bis de 4. Oktober 2023 war dem ZLS seng Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“, am Kader vun der „Luxembourg International Science Expo“ (LISE) 2023 am Forum Geesseknäppchen. Duerno gouf de Weekend vum 14. Oktober en Deel vun der Ausstellung, am Kader vun der Nuit des Musées, am natur musée, am Gronn gewisen.

Weider Rendez-vousen:

– Vum 20. bis 22. Oktober ass d’Ausstellung zu Arel, am Kader vun de „Journées des Langues et des Cultures“.

D’Expo ass op:

– freides, den 20. Oktober, vu 14:00 bis 20:00 Auer

– samschdes, den 21. Oktober, vu 14:00 bis 17:30 Auer

– sonndes, den 22. Oktober, vu 14:00 bis 17:30 Auer.

E Sonndeg am Nomëtteg ginn et och Presentatioune vum ZLS-Direkter Luc Marteling, vum Sproochmates Alain Atten a vun eisem Lexikograf, dem Alexandre Ecker. De ganze Programm fannt Dir hei.

– Vum 11. bis de 26. November ass d’Ausstellung zu Esch am Centre Hospitalier Emile Mayrisch

– Vum 28. November bis den 2. Dezember zu Wuermer

– Vum 12. bis de 27. Januar 2024 ass d’Ausstellung am Ale Stadhaus zu Déifferdeng.

Aus technesche Grënn gouf d’Statioun am INLL (Glacis) reportéiert. D’Ausstellung soll d’nächst Joer hire Wee an den INLL op de Belval fannen.

LOD meets Duden

Diskussiounsronn mat der Duden-Chefredactrice Dr. Kathrin Kunkel-Razum

Zanter 2016 leet d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum déi wuel bekanntsten Dictionnaires-Redaktioun aus dem däitschsproochege Raum. Déi renomméiert an engagéiert Linguistin koum op Invitatioun vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) op Lëtzebuerg. Op hirem Programm stoungen ënnert anerem Entrevuë mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Pierre Reding, a mat Vertrieder vun de Luxemburgistik- a Germanistik-Departementer vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Dënschdes, den 19. September ëm 18.00 Auer krut de Public d’Geleeënheet, fir d’Dr. Kathrin Kunkel-Razum live ze erliewen. Ënnert dem Motto “Duden meets LOD” huet d’Madamm Kunkel-Razum un enger Diskussiounsronn am Forum Geesseknäppchen deelgeholl. De Lexikograf vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire, Alexandre Ecker, huet den ZLS op der Diskussiounsronn vertratt, déi vun der Journalistin Christiane Kremer – op Däitsch – animéiert gouf.

Spannend an interessant Theemen ëm d’Sprooch an ëm d’Dictionnairë goufen et der genuch: Wéi funktionéiert eng Dictionnaires-Redaktioun? Wat fir eng Wierder gehéieren an e Referenzdictionnaire? Wéi gëtt de Choix vu Wierder getraff a wéi gëtt hir Schreifweis gekläert? Wat ass mat Neologismen an Anglizismen? Wat huet et mam Genderen op sech? Wat fir en Afloss wäert d’KI op d’Sprooch hunn? Wat fir eng Roll spillen d’Dictionnairen an der haiteger Welt? Wéi wichteg ass eng norméiert Orthografie? …