Liesung am CNL

Literaresch Kandheetsbiller

Eng Liesung aus véier Joerzéngten
©Filip Wirthor

Vun anekdoteschen Erzielungen iwwer literaresch Momentopname bis hin zur Romantrilogie – d’Texter vum Emil Angel, Alexandra Fixmer, Jhemp Hoscheit a Carla Lucarelli weisen, wéi ënnerschiddlech ee vun der Kandheet erziele kann. D’Kanner, déi an hire Bicher zu Wuert kommen, wuessen net just a véier verschiddene Joerzéngten, mee och a verschiddene kulturelle Milieuen op.

Dass si trotzdeem sou muenches gemeinsam hunn, wäerte mir de 16. Januar héieren, wann déi 4 Schrëftsteller:innen aus hiren Texter liesen.

 

Centre national de littérature Mersch 2, rue Emmanuel Servais L-7565 Mersch

Nei Datumer fir d’Ausstellung “D’Lëtzebuerger Sprooch(en)”

Dës Datumer sti fest:

  • 13. – 27. Januar 2024 am Ale Stadhaus zu Déifferdeng

D’Ausstellung ass méindes bis samschdes vun 10:00 bis 18:00 Auer op. Weider Detailer iwwer Visite-guidéeën an aner Evenementer fannt Dir hei.

  • 19. Februar – 1. Mäerz an der ENAD an der Stad 
  • 15. Mäerz – 24. Mäerz zu Maarnech an der Nordstrooss Shopping Mile 
  • 6. – 10. Mee am ECG um Geesseknäppchen an der Stad 
  • 12. – 16. Mee an der ISL um Geesseknäppchen an der Stad 
  • 3. – 13. Juni am Institut National des Langues Luxembourg (INLL) um Belval 
  • 14. – 28. Oktober am Lycée Ermesinde zu Miersch 

Expo an Table ronde zu Wuermer mam Alain Atten

D’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass zu Wuermer am Centre culturel vum 30. November un an nach bis den 3. Dezember tëscht 16 an 19 Auer op fir de Grand public (um 17 Auer gëtt et zousätzlech jeeweils eng Visite guidée).

Den 30.11. um 19 Auer ass eng Table ronde iwwer d’Dialekter zu Wormer an an der Ëmgéigend mat ënner anerem dem Alain Atten.

Net just Gegrimmels

       Lex Roth
Lex Roth Foto: Roger Muller, © Collection CNL

 

 

90 Joer krut en am Juni an och am héijen Alter hält de Lex Roth d’Sprooch an Éieren: All Mount laut en eng Klack fir se, viru Kuerzem huet e Gegrimmels a Schnoken am Takt erausbruecht an nodeems en ewell dem Asterix an dem Jean de La Fontaine Lëtzebuergesch bäibruecht hat, huet en an der Pandemie dem Camus säi Friemen a seng Pescht iwwersat.

 

Am CNL ënnerhält sech de Luc Marteling, Direkter vum ZLS, mam äerdege Sproochaktivist, deen aus senge Wierker an Iwwersetzunge liest.

Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg

Ablécker an déi aktuell Fuerschung vum Institut fir Luxemburgistik

organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg.

D’Fuerscher an d’Fuerscherinnen kënnt Dir an de CAPE op Ettelbréck lauschtere goen. Vun Oktober 2023 bis Juni 2024 ass de Rendez-vous ëmmer méindes owes um 19:00. Tickete ginn et per Mail (tickets@cape.lu), per Telefon (2681 2681) oder an der Oweskeess.

Hei déi eenzel Datumer mat de jeeweilegen Diskussiounssujete:

  • Méindeg, 16. Oktober 2023
    Fernand Fehlen: Zweesproocheg, dräisproocheg … wie bitt méi?
  • Méindeg, 06. November 2023
    Christoph Purschke: Diskurs-Figuren: Wéi Politik an Ëffentlechkeet iwwer Sprooch schwätzen
  • Méindeg, 27. November 2023
    Caroline Döhmer: Wéi schreift een eng aktuell Lëtzebuerger Grammaire?
  • Méindeg, 18 Dezember 2023
    Peter Gilles: De Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen
  • Méindeg, 15. Januar 2024
    Melissa Mujkić: Digital Jugendkommunikatioun zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 26. Februar 2024
    Cosimo D. Suglia: David a Goliath: Kleng Weltliteratur Lëtzebuerg?
  • Méindeg, 25. Mäerz 2024
    Lou Pepin: Sproochastellunge vu Grenzgänger*innen zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 22. Abrëll 2024
    Melanie Wagner: Sproochpolitik zu Lëtzebuerg
  • Méindeg, 13. Mee 2024
    Jacques Spedener: Code-Switching am Lëtzebuergeschen
  • Méindeg, 10. Juni 202
    Jeanne E. Glesener: Lëtzebuerger Literatur am ëffentleche Raum
  • Hei de komplette Programm: Sprooch a Literatur zu Lëtzebuerg.