Sproocheronn 2022

Andréck vun der Sproocheronn

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch: Ënnert deem Motto gouf d’Sproocheronn mam Minister Claude Meisch, dem Commissaire Marc Barthelemy an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch op véier Owenter a véier Regioune ueschtert d’Land organiséiert. Tëscht dem 7. an dem 16. Juni 2022, war all Bierger  invitéiert, fir sech aktiv un der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Sproochepolitik anzebréngen.

Am Terres-Rouges-Gebai um Belval, am Spigelsall am Lycée zu Iechternach, an der Stad am Lycée Michel Rodange an als Ofschloss zu Clierf am Lycée Edward Steichen, si vill Proposen, Iddien, Diskussiounen  iwwert an ëm d’Lëtzebuerger Sprooch opkomm.

Duerfir soe mir Iech all Merci.

 

Zesumme fir eng lieweg Lëtzebuerger Sprooch

Invitatioun op d’Sproocheronn 2022 op 4 Plazen am Land

Den Educatiounsminister mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch a mam Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) ginn op den Tour, fir den zoukënftegen 20-Jores-Plang fir d’Promotioun vum Lëtzebuergesche mat de Bierger ze diskutéieren.

Background: D’Regierung huet 2017 eng Strategie fir d’Promotioun an d’Stäerkung vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl mat engem Plang mat 40 konkreete Moossnamen. En Haaptpunkt war d’Ausschaffe vun engem 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir deen de Commissaire responsabel ass. D’Sproocheronn erlaabt elo, datt d’Bierger un der Ausaarbechtung vum 20-Joresplang bedeelegt ginn.

Sproocheronn 2022: Am Juni 2022 si véier Owender mam Minister, dem Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) an de véier verschidde Regiounen uechter d’Land geplangt.

D’Datumer vun der Sproocheronn sinn déi heiten, allkéiers um 19 Auer:

  • 7. Juni: Terres-Rouges-Gebai um Belval, 14, Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette
  • 9. Juni: Lycée classique Iechternach, 1, rue du Pont L-6471 Echternach
  • 14. Juni: Lycée Michel Rodange an der Stad, 30, bd. Pierre Dupong Campus Geesseknäppchen L-1430 Luxembourg
  • 16. Juni: Lycée Edward Steichen zu Clierf, 1, rue Edward Steichen L-9707 Clervaux

All Owend geet u mat enger Aféierung iwwer d’Strategie vun 2018 an doriwwer, wéi wäit déi Mesuren ëmgesat sinn. Da sinn Diskussiounen an dräi Workshoppen iwwert dës Theemen:

  1. Lëtzebuergesch léieren
  2. Lëtzebuergesch am Alldag
  3. Lëtzebuergesch am 21. Joerhonnert

Dono gëtt zesumme gekuckt, wat dobäi erauskomm ass,  an et gëtt e Patt offréiert.

Jiddereen ass wëllkomm an et brauch ee sech net am Viraus unzemellen.

Et ass parallel och méiglech, iwwert den Online Forum op dësem Site matzemaachen.

 

 

Presentatioun vum neien LOD

E Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer war am Forum Geesseknäppchen d’Presentatioun vum neien LOD

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch an den Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) hunn e Méindeg, den 20. Juni ëm 17 Auer am Forum Geesseknäppchen de fuschneie Lëtzebuerger Online Dictionnaire presentéiert. Den LOD huet en intuitiven Design, erweidert Sichméiglechkeeten an eng praktesch API, fir datt jidderee beschtméiglech mat den LOD-Date ka schaffen.

 

Lëtzebuerg no der 4e: e Choix mat Perspektiven

Eng nei Offer am Lycée Michel-Rodange vun der Rentrée 2022 un

Du interesséiers dech fir d’Lëtzebuerger Sprooch? Fir d’Literatur op Lëtzebuergesch? Fir d’Geschicht vum Land? Du kéints dir och nach virstellen, Lëtzebuergeschcoursen ze ginn? Dann huet de Lycée Michel-Rodange elo genee dat Richtegt fir dech.

Fir un dat neit Fach Lëtzebuergesch op der 4e unzeknäppen, gëtt am Lycée Michel-Rodange eng nei Offer am Beräich vum Lëtzebuergeschen agefouert.

Sektioun A Lëtzebuergesch vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als 4. Sprooch op der Sektioun A gewielt ginn, alternativ zum Spueneschen oder Italieeneschen. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch op 3e a fënnef Stonnen op 2e a 1re.

Sektioune B, C, D, E, F a G vun 3e bis 1re
Lëtzebuergesch kann als zousätzlech Sprooch gewielt ginn. De Cours huet dräi Stonnen d’Woch vun 3e bis 1re. En ersetzt op 3e den Optiounscours an op 2e a 1re Däitsch oder Franséisch.

De Programm ass breetgefächert:
• Literatur
D’Lëtzebuerger Sprooch vun haut an d’Méisproochegkeet vum Land hu sech entwéckelt mat der Geschicht vu Lëtzebuerg a mat der Literatur. D’Lëtzebuerger Sprooch huet vill verstoppte Pärelen an Eegenheeten, déi an de Coursen ze entdecke sinn.
• Linguistik & Orthografie
D’Lëtzebuerger Sprooch gëtt beschriwwen an erkläert, hire Fonctionnement, mee och hir Roll an der Gesellschaft. Donieft kritt een am Cours déi néideg Kompetenzen an der Lëtzebuerger Orthografie a Grammaire vermëttelt.

D’Lëtzebuerger Orthografie per Video

30 kuerz Clippen erklären déi wichtegst Reegele vun der Schreifweis

Fir den Zougang zu der Lëtzebuerger Orthografie esou einfach ewéi méiglech ze maachen, huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch zesumme mam SCRIPT vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend 30 Videoen ausgeschafft, an deene jeeweils d’Quintessenz vun de wichtegsten Orthografiesreegele gewisen an erkläert gëtt, ouni awer op Spezialfäll an Ausnamen anzegoen.

Déi 30 Videoe stinn dem Utilisateur zur Verfügung. Nieft zwee allgemengen Erklärungsvideoen iwwer d’Buschtawen (Vokalen a Konsonanten) an iwwer d’Betounung, behandele se fir d’éischt dee lëtzebuergesche Volet vun den Orthografiesreegelen a ginn dann op d’Friemwierder an (24 bis 29). Den Ofschloss mécht eng Zort Bonus-Track mam Titel: Kuriéises an Nëtzleches.

 

Dës Videosoffer riicht sech u jiddwereen, deen d’Orthografie wëllt léieren, natierlech och un d’Léierpersonal, dat d’Orthografie wëllt vermëttelen an d’Videoen als praktesch Aféierung fir nei Reegele kann asetzen.

Link op d’Showcase op Vimeo: https://vimeo.com/showcase/letzebuergesch-richteg-schreiwen

Un de Videotutorialen hu geschafft: Jeff Kieffer (Produktioun), Marthy Gloesener (Texter a Stëmm), Alexandre Ecker an Helmuth Sperl (Relecture), Mich Welfringer (Grafik a Layout), Claude Grosch (Animatioun), Marc Mergen (Musek), Michel Pilz (Bassklarinett) an Anthony Juret, Philophon (Tounmix).